ZefriddenIwwer 2,1 Millioune Passagéier sinn 2019 mat der Luxair geflunn

RTL Lëtzebuerg
Dat sinn 49% vun alle Passagéier, déi via de Fluchhafen um Findel gereest sinn.

D'Luxair huet an engem schwieregen Ëmfeld e Joer hannert sech, dat net einfach war. Dat weisen d'operationell Resultater, déi um Freideg vum Luxair Grupp presentéiert goufen an déi als "zefriddestellend" bezeechent ginn.

Alles an allem sinn zejoert 2,1 Milliounen Passagéier an den Luxair-Fligeren transportéiert ginn. An deem Chiffer sinn och d'Clientë vu LuxairTours mat agerechent.

Dee Passagéier-Chiffer huet am Verglach mat 2018 stagnéiert.

2,1 Millioune Passagéier mécht ronn d'Hallschent vun alle Leit aus, déi vum Findel aus fortfléien. Dëst sinn 4,4 Milliounen Clienten, déi LuxAirport gezielt huet - dat bei ronn 15 Airlines, déi de Lëtzebuerger Fluchhafen ufléien.

Positiv Chifferen da fir LuxairServices; deem Service vun der Luxair, dee sech zum Beispill ëm den Check-Inn, de Boarding an d'Bagagë bekëmmert: 4,4 Millioune Passagéier goufe gezielt, d'Catering-Servicer hu ronn 2,3 Milliounen Iesse produzéiert.

Méi lues huet et iwwerdeems bei LuxairCargo gedréint, wou déi exzeptionell Resultater vun de Jore virdrun net méi konnten depasséiert ginn: zejoert goufe ronn 893.000 Tonne Wueren traitéiert - domat zielt de Cargozenter vun  der Luxair um Findel zum 5. gréisste (vum Volume hir) an Europa. Et geet ëm den Handling an d'Verluede vu Wueren tëscht de Camionen an de Fligeren.

Wat dës operationell Resultater fir eng Inzidenz op de Bilan 2019 hunn, gouf nach net annoncéiert. D'Generalversammlung vun de Luxair-Aktionären ass eréischt am Mee.

PDF: Pressecommuniqué vun der Luxair

Back to Top
CIM LOGO