
Eng 200 Betriber hu bis ewell eng Demande gemaach, fir dës Hëllef wéinst dem Covid-19 ze kréien.
Déi Informatioune krute mer vum DP-Deputéierten a President vun der Chamber Finanz- a Budgetskommissioun André Bauler matgedeelt, no enger Reunioun e Méindeg de Moie mam DP-Finanzminister Pierre Gramegna.
D'Prêts garantis si Prêten, déi zu 85% vum Staat an zu 15% vun de bedeelegte Banke garantéiert ginn, an op 6 Joer lafen. Ee méi komplette Bilan géing am Hierscht gemaach ginn.
