Déidlechen AarbechtsaccidentIsolatiounsfirma gouf um Stater Geriicht fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
Dobäi hat d'Vertriederin vum Parquet um Enn vum Prozess eng Geldstrof vun 20.000 Euro fir d'Firma gefrot.

Eng Isolatiounsfirma, déi wéinst engem Tëschefall mat déidleche Suitten am Februar 2016 op engem Schantjen um Lampertsbierg de Prozess gemaach kritt hat, gouf den Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht fräigesprach.

Duerch staarke Wand waren deemools Isolatiounsplacke vun engem Daach geblose ginn. D'Placken haten um Trëttoir en dunn 51 Joer ale Mann getraff, dee fir eng Baufirma geschafft hat. 13 Deeg drop war den Ongléckleche gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO