
An engem Communiqué vum OGBL steet, et géing een net noginn. D'Propose vun der Direktioun am Zesummenhang mat engem neie Kollektivvertrag géing d’Personal net zefriddestellen.
Vun e Méindeg un organiséiert d’Personal déi nächst 3 Deeg "Walk-outs", dat heescht d’Proffen treffe sech bausse vum Gebai, fir dann zesummen eranzegoen. Donieft gëllt "Arbeit nach Vorschrift", also eleng dat maachen, wat am Kontrakt steet.