
D'Policebeamten haten ee Grupp an der Brillstrooss zu Esch gemellt kritt, deen duerch säi Behuelen opgefall wär.
Op der Plaz hunn d'Poliziste 4 Persounen ugetraff, déi gestridden hunn.
D'Beamten hätte wëllen dertëscht goen, ma déi concernéiert Persounen hätten net kooperéiert a wären och aggressiv ginn, wéi si hir Pabeiere gefrot goufen.
D'Police wollt eng alkoholiséiert Persoun mathuelen, well vun hir Gefor ausgaange wär.
Dunn huet d'Situatioun sech zougespëtzt.
Op d'Policebeamten wär gespaut ginn, si wäre menacéiert an deelweis och kierperlech attackéiert ginn.
Si hunn déi 4 Persounen awer immobiliséiert kritt an am Passagearrest ënnerbruecht. Se goufe wéinst ''Rebellioun'' protokolléiert.