
Dem Claude Meisch seng Argumentatioun wier inkoherent a widderspréchlech, dee Reproche mécht de Syndikat vun den Enseignanten aus de Kompetenzzenteren dem Educatiounsminister an engem 3. oppene Bréif e Méindeg. D'SPEBS-CGFP hat sech schonn 2 mol iwwert dëse Wee zu Wuert gemellt, well beim Educatiounsminister keng Dialogbereetschaft do gewiescht wier.