“Dës Indemnitéite goufe scho laang net méi ugepasst, dat sollt rattrapéiert ginn”, erkläert de Minister Claude Meisch. Him war et awer och wichteg, dass eng Logik erabruecht gëtt. “All Beruff ass eigentlech selwecht wäert a soll och selwecht bezuelt ginn. Wichteg ass awer och de Leeschtungsprinzip: Deen, wou am éischte Joer ass, soll wann en an d’zweet Joer kënnt, méi kréien, an dat och erëm wann een an d’drëtt Joer kënnt. Mee och dee wou säi Projet intégré intermédiaire gepackt huet, méi soll kréie wéi do virdrunner”, präziséiert de Minister.

Hei ee Beispill wéi dat soll ausgesinn: Fir d’Formatioun Certificat de capacité professionelle Usträicher krut ee bis elo ëm déi 500 Euro am éischte Joer an iwwert 900 Euro am leschte Joer. Wann ee sech fir Metzler entscheet huet, ass ee mat 914 Euro am éischte Joer an eppes méi wéi 1.300 Euro am drëtte Joer besser dovu komm. Mam reforméierte System géif een an den zwou Léieren allkéiers ëm déi 1.200 Euro am éischten a méi wéi 1.600 Euro am drëtte Joer kréien.

De selwechte Prinzip gëllt och zum Beispill fir d’Diplôme-d’aptitude-professionelle-Formatiounen. Am DAP Schräiner krut e bis elo ongeféier 800 Euro virum Projet intégré intermédiaire an ëm déi 1.300 Euro, wann een de Projet bis gepackt huet. Fir den DAP Paysagiste war et manner: bal 700 Euro virum Projet an ëm déi 1.200€ duerno. Elo sollen dës Indemnitéiten och eropgesat an egaliséiert gi mat 1.216 Euro virum Projet intégré intermédiaire an 1.622 Euro duerno.
D’Indemnitéite bannent de verschiddene Formatioune géifen domadder um selwechten Niveau sinn. Mee dëst gëllt och formatiounsiwwergräifend. An enger Formatioun CCP géif een am éischte Joer dat selwecht wéi an enger Formatioun DAP virum Projet intégré intermédiaire kréien. De selwechte Prinzip gëllt och wann een dat drëtt Joer CCP mat der Formatioun DAP nom Projet vergläicht.
Den Directeur adjoint vun der Chambre des salariés, Claude Cardoso präziséiert awer, dass keen eppes verléiert: “Et gi puer Ausnamen, wou 3-4 Beruffer driwwer leien, bei deene gëtt eng Exceptioun gemaach. Et ass keen, deen eppes verléiert, ganz am Géigendeel: zum Schluss wäerte se all eppes bäi gewannen.”
Déi néi Montante goufen elo un den net-qualifizéierte Mindestloun ugepasst. “Zanter 2000 hunn d’Indemnitéiten 28 Prozent u Wäert par rapport zur Evolutioun vum Mindestloun verluer, do sinn d’Indextranchen net mat abegraff. Dat meescht bal een Drëttel aus”, erkläert de Claude Cardoso.
Net nëmme fir d’Léierbouwen a -Meedercher kommen Ännerungen. Och d’Entreprisë kréichen, pro Apprenti eng Prime. Den Tom Wirion, Direkter vun der Chambre des métiers erkläert:
“Dat ass och fir d’Betriber wichteg, déi jo och Zäit an Engagement weisen. Et gëtt eng Primm vu 750 Euro pro Apprenti, pro Joer ausbezuelt gëtt, fir och deen Effort ze valoriséieren. Mir gesinn hei an där Reform eng Win-Win-Situation, an da muss een natierlech kucke wéi sech dat elo entwéckelt.”
Mat dëser néier Reform sollen d’Entreprisen, déi sech engagéieren a Léierjongen a Meedercher huelen, awer net weider belaascht ginn. Déi Méikäschten, déi duerch déi néi Indemnitéiten entstoe wäerten, wäerte vum Staat rembourséiert ginn, präziséiert den Educatiounsminister.
De Regierungsrot huet de Gesetzprojet de 6. Februar ugeholl, et ginn awer nach e puer Etappe bis, dass dës Reform wierklech a Kraaft trëtt. Dofir gouf decidéiert, dass de reforméierte System réckwierkend op den 1. Januar 2026 wäert sinn. Wann d’Gesetz bis a Kraaft ass, kréien d’Apprentien dës Ännerung réckwierkend ausbezuelt, mee d’Entreprisë ginn dann och séier, réckwierkend, rembourséiert.