Nei HorairenImpfzenter um Lampertsbierg impft net méi méindegmoies a samschdegmëttes

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg u gëllen nei Ouvertureszäite fir den Impfzenter an de Victor-Hugo-Halen.
© AFP (Archiv)

Méindes tëscht 13 an 19 Auer, dënschdes bis freides tëscht 7 an 19 Auer a samschdes tëscht 7 an 13 Auer, sonndes ass zou. Esou sinn déi nei Ëffnungszäiten am Impfzenter um Lampertsbierg. Nei ass, datt elo méindes moies a samschdes nomëttes net méi geimpft gëtt. Dës Horairë gëlle bis den 13. September.

Am Impfzenter um Lampertsbierg kënne sech zanter enger Woch och Leit ouni Rendez-vous presentéieren, fir sech géint de Coronavirus impfen ze loossen. Et muss ee just d'Carte d'identité an d'CNS-Kaart dobäi hunn.

D'Offer gouf bis ewell gutt ugeholl mat e puer Honnert Impffräiwëllegen, déi sech all Dag an den ale Foireshale presentéiert hunn.

Nieft dem Lampertsbierg ass just nach den Impf-Zenter um Belval aktuell op fir Vaccinatiounen.

Et zirkuléiert awer och den Impf-Bus bei verschiddene Manifestatiounen iwwer Land an natierlech gëllt d'Offer, fir sech bei eenzelen Hausdokteren de Vaccin sprëtzen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO