
Dat, wat mir den Ament erliewen, ass an der Fuerschung bis elo eemoleg, esou den Infektiolog Dr Gérard Schockmel vun den Hôpitaux Robert Schuman. An der méi roueger Phas vun der Pandemie an Europa kënnen nei wëssenschaftlech Erkenntnisser hëllefen, d'Traitement vun de Patienten ze verbesseren.
A bal 100 Laboe weltwäit siche Fuerscher mëttlerweil no engem Vaccin géint de SARS-CoV-2. Zil ass, e Retour an dat normaalt Liewen, wéi d'Welt et virun der Pandemie kannt huet, ze erméiglechen. D' Course fir den Impfstoff ass voll amgaangen, weltwäit siche Fuerscher no Vaccinen. Et gëtt op klassesch Impfstoffer gesat, awer och Vektorviren. An RNA an DNA-Impfstoffer.
D'Entwécklung vun Impfstoffer kann herno beim Opkomme vun neie Viren hëllefen. Och wier een den Ament amgaangen ze kucken, fir Prozeduren ze verkierzen an héich Sécherheetsstandarden anzehalen.
Ee Problem, dee sech awer elo stellt, ass, datt duerch déi staark Mesuren, déi weltwäit ergraff goufen, de Virus wéineg ënnerwee ass. Fir ze gesinn, ob e Vaccin wierkt, muss den Test an enger Regioun gemaach ginn, wou et och krank Leit gëtt, an de Virus op geimpfte Persounen trëfft.
Wann alles gutt geet, kéinten éischt Produiten am Hierscht op de Marché kommen.
De ganze Podcast mat zousätzlechen Detailer fannt Dir ënnert podcast.rtl.lu.
Mam Dokter Gerard Schockmel, Infektiolog aus den Hopitaux Robert Schuman, schwätzt de Pierre Weimerskirch iwwert d' Entwécklung vun Impfstoffer.
Den Exit aus der Corono-Kris begleet vun Experten. Mat Tipps zu alldeegleche Situatiounen an den Neisten Entwécklungen.
"Exit! an elo?" mam Paul Wilmes. Zu den Themen: Nei-Infektiounen, Opmaache vu Caféë a Restauranten an enger méiglecher zweeter Wëll.
Wat bréngt et breet op de Coronavirus ze testen? Vill, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Insitute of Health.
Eng méiglech zweet Well vu Sars-CoV-2-Infektiounen zu Lëtzebuerg ka verhënnert ginn.
