Parlamentaresch FroIllegal entsuergten Dreck am Naturpark Our: Wéi geet et weider?

Roy Grotz
Enn Abrëll hate mer vun enger illegaler "Deponie" am Naturpark Our laanscht d'Däitsch-Lëtzebuergesch Grenz bericht, wou allerlee Knascht entsuergt gi war.
© Domingos Oliveira

Et handelt sech bei dësem Terrain awer net ëm eng reegelrecht Decharge, präziséiert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Max Hahn an André Bauler.

D'Fotoen, déi an der Press zirkuléiert sinn, an och bei eis op RTL.lu publizéiert goufen, wieren nämlech wuel net op Lëtzebuerger Territoire gemaach ginn, mee vill méi laanscht déi däitsch Gemeng Gemünd op där anerer Säit vun der Our.
Gemünd läit tëscht Ënnereesbech a Stolzebuerg.

Op Lëtzebuerger Säit haten d'Beamte vun der Naturverwaltung awer och Knascht fonnt, nämlech 4 al Trakter-Remorquen a Blech vun enger aler Scheier. Nieft der Haaptstrooss wieren och Parachoquen, al Bidongen a Pneue fonnt ginn.

D'Besëtzer vun den entspriechenden Terraine wieren dann och opgefuerdert ginn, hir Sitten ze botzen. Well et sech ëm inerte Knascht handelt, wier et net néideg, chemesch Analysen ze maachen. Och datt d'Our géif verknascht ginn, wier der Ministesch Dieschbourg no net ze fäerten.

Eng Enquête, wien illegal Knascht an der Natur ofgelueden huet, wier awer ageleet ginn, well d'Proprietäre vun de betraffene Stécker awer an Däitschland wunnen, wieren d'Moyene fir d'Lëtzebuerger Verwaltung ganz limitéiert, heescht et nach.

RTL-NEWS: Dreck am Naturpark Our entsuergt, Naturverwaltung mécht Enquête op

PDF: Parlamentaresch Fro vum André Bauler a Max Hahn

Back to Top
CIM LOGO