
Déi zwou Lëtzebuerger Guiden- a Scouts-Associatiounen, d'FNEL an d'LGS, kréien am Oktober en neie Chefscout. Nodeem de Grand-Duc Jean den 23. Abrëll dëst Joer verscheet war, war dee Poste vum ieweschte Scout un der Spëtzt vum Mouvement "Scouting in Luxembourg" net besat.
Et ass den Ierfgroussherzog Guillaume, deen Freides de 4. Oktober virun de Membere vu béide Scouts-Federatioune feierlech säi Scouts-Verspriechen als neie Chef-Scout an der Successioun vu sengem Grousspapp wäert ofleeën.
D'Guiden a Scoute sinn ee vun de gréisste Jugendmouvementer am Land an zielen iwwer 8.000 Membere verdeelt an engen 90 Gruppen.
Dësen Eed hat nom Enn vum Zweete Weltkrich och deen deemolege Prënz Jean am Stadion op der Arelerstrooss ofgeluecht a war bis zu sengem Doud, also bal 75 Joer, Chefscout vun de Lëtzebuerger Scoute-Vereenegungen.
Aktuell ass den Ierfgroussherzog, zanter 2 Joer, Member vum Comité vun der Weltscouts-Fondatioun, engem Gremium mat Sëtz zu Genève, dat dem internationale Scouts-Mouvement zur Säit steet.

Éierepresident vun dëser Fondatioun ass de schwedesche Kinnek Carl Gustav, dee selwer och den 4. Oktober zu Lëtzebuerg bei der Zeremonie vum Scouts-Versprieche kéint dobäi sinn. Op deem Dag kënnt de Comité vun der Welt-Scouts-Fondatioun mat sengen 30 Memberen och am Grand-Duché beieneen.
Selwer war den Ierfgroussherzog Guillaume och an de Scouten aktiv a koum mat 8 Joer an d'Wëllefcher, fir duerno ënner anerem un engem FNEL-Cooperatiouns-Projet am Nepal deelzehuelen. Wéi de Prënz Guillaume zitéiert gëtt, gesäit hien d'Valeure vum Scoutissem als e Wee, fir eng friddlech an harmonesch Gesellschaft ze promouvéieren.
RTL.lu: FNEL an LGS an déiwer Trauer: Eng grouss Passioun vum Grand-Duc Jean war déi fir d'Scouten