Kritik un der aktueller StrategieHoresca fuerdert, dass Schnelltester nom 12. Juni sollen ophalen

Fanny Kinsch
Den aktuelle System mat de Schnelltester am Horeca-Beräich, fir selwer ze maachen, ass ze vill contraignant, dat seet d'Federatioun vum Secteur.
Horesca fuerdert, dass Schnelltester nom 12. Juni ophalen
Den aktuelle System mat de Schnelltester am Horeca-Beräich, fir selwer ze maachen, ass ze vill contraignant, dat seet d'Federatioun vum Secteur.

Si fuerdert, datt d'Selbsttester nom 12. Juni sollen ophalen. D'Horesca hat e Mëttwoch eng Entrevue mam zoustännege Minister Delles, bei där si hir Fuerderunge fir dat nächst Covid-Gesetz presentéiert hunn.

An de Restaurante géingen d'Schnelltester op der Plaz owes relativ gutt vun de Clienten ugeholl ginn. Mëttes géingen d'Leit awer méi zécken, well se fäerte géingen, dass et ze vill Zäit géing huelen, sou de Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp.

"Et misst een dach de Leit och kënnen en Test heemschécken a soen: Maach all Dag en Test doheem an da bréngs de e mat an de Restaurant. Da muss een op d'Seriositéit vun de Leit zielen, da mussen d'Leit dat och e bësse seriö maachen, ech mengen, dass d'Leit scho verstänneg sinn a soen: Ech wëll haut an de Restaurant goen, ech maachen elo séier den Test um Büro. An et sinn der jo och vill, déi um Büro souwisou en Test maachen."

Dobäi kéim, datt wéinst dem Teletravail mëttes souwisou scho manner Leit an d'Restauranten iesse ginn:

"Mir héieren zemools hei och um Kierchbierg, hei uewen, do gëtt immens geklot, do soen d'Geschäfter eis - awer och huelen ech un, am Gronn wäert dat de Fall sinn, a Clausen wäert dat de Fall sinn - dat Mëttesgeschäft kënnt nëmme ganz lues un d'Lafen, well den Homeoffice awer enorm vill Leit ewechhält. Mir schwätzen haut dovunner, datt déi Leit bei knapps 50%, 40-50% vun hirem Ëmsaz sinn, an op Dauer kann dat net goen, dat ass och de Grond, firwat datt mer soen, d'Hëllefe musse virugoen."

A fir d'Bistroe wieren d'Schnelltester nach méi eng Contrainte.

"Wann der e Béier drénke gitt fir 2,50 Euro, ass de Client oft net bereet, fir en Test ze bezuele fir 3, 4 oder 5 Euro, dat ass oft e Problem."

Horesca kritiséiert Schnelltester / Rep. Fanny Kinsch

De Renzo Bellanima, Patron vun engem Restaurant an der Uewerstad, huet béid Phenomener och an de leschte Wochen erlieft. Iwwerdeems géing et deels laang daueren, fir d'Hëllefen ausbezuelt ze kréien:

"Also ech perséinlech an aner 20 Restauranten, Kolleege vu mir, si waarden och nach ëmmer op d'Aidë vu Februar, déi einfach net kommen. Ech hu mäin Dossier schonn 2 Méint elo eran an ech hunn nach virgëschter ugeruff a si soten, jo et wier en phase d'examination. Ok, mä mir schwätzen awer vu Februar, mir sinn elo bal Juni..."

Et géing hei ëm 60.000-70.000 Euro goen, op déi een nach ëmmer géing waarden.

D'Horesca fuerdert dann och, datt de Couvre-feu nees op de Stand virun der Kris zeréckgesat gëtt an datt d'Ausgangsspär nuets ofgeschaaft gëtt. Diskoe missten och vun der Politik eng Previsibilitéit kréien, wéini se ënnert wéi enge Konditiounen nees kënnen opmaachen, grad wéi Betriber aus dem Evenementiel. Entretemps missten déi aktuell Hëllefen op d'mannst bis Enn vun dësem Joer verlängert ginn a se missten och punktuell no uewen ugepasst ginn.

"Et si vill Betriber, déi eng déi kréien elo nees den Tour, datt se nees gutt schaffen an et sinn der awer vill, déi sech spezialiséiert hunn, zum Beispill op Hochzäiten oder grouss Evenementer an déi fannen alleguer nach net statt an déi Leit wëssen net, kënnt dat elo séier erëm, kënnt dat lues erëm, déi hu keng Planungssécherheet."

Fir de Chômage partiel wier d'Horesca am Gaang, e sektorielle Plan de maintien dans l'emploi ze preparéieren, esou nach de François Koepp.

Back to Top
CIM LOGO