Nei Covid-MesurenHoreca-Secteur rechent mat weiderem Abroch vum Ëmsaz

Diana Hoffmann
Pierre Jans
D'Covid-Mesurë gi méi streng. Wéi e Méindeg um Pressebriefing annoncéiert gouf, wäert den 2G vun nächster Woch un am Fräizäitberäich kommen.
Nei Covid-Mesuren am Evenementiel
Och den Evenementiel, wéi "Den Atelier" oder Restauranten, huet et an der Kris net einfach.

30/11/2021 BAND Nei Mesuren Horesca + Kirsch 12h30 (Radio)

Wien an e Restaurant, Cafée, de Kino oder eng Disko wëll, muss also geimpft oder geheelt sinn. Den Horeca-Secteur weist sech am Prinzip d'accord mat de Mesuren, mä et ass een awer net mat allem averstanen an hofft op weider Hëllefen.

"Mir sinn natierlech net glécklech, datt déi Schnelltester lo ganz ofgeschaaft gi sinn, well domat verléiere mer awer rëm eng Kéier Clienten, mä mer verstinn et awer", sot de President vun der Horeca den Alain Rix. Traureg wier een awer doriwwer, datt den 2G och op den Terrasse gëllt. Hei hätt ee bestëmmte Clientë rëm eng Méiglechkeet geholl.

Dofir, datt eng Carte d’identité zesumme mam CovidCheck an Zukunft wäert a Caféen a Restaurante gefrot ginn, gëtt et och Verständnes, schliisslech wier vill gefuddelt ginn. Den Alain Rix: "De Probleem ass just deen: Musse mir Police spillen? Si mir dofir do? An d'Saach ass esou, den Här Bettel huet e Méindeg gesot, et kann een d'Carte d'identité froen. Wat heescht hei kann een? Entweder mir mussen, oder mir mussen net. A souwisou, wann deen, deen se net wëll weisen, deen dierf ech theoreetesch net era loossen."

Am Horeca-Secteur wäerten déi nei Mesuren nees zu engem Abroch feieren, dat wier kloer. Dofir hofft een awer och weiderhin op Hëllefen. "Ganz kloer mussen d'Aidë weider goen, wéi se waren, wéi et méi schlëmm war. Se musse weider goen, well soss packe mer et net. D'Hotellerie ass Katastroph, do leeft et souwisou net, an ech mengen, do musse mer gehollef kréien, well mir kommen do einfach net eraus. Et muss ee bedenken, mir sinn déi eenzeg, déi ëmmer elo an där ganzer Pandemie eng op d'Noss kritt hunn. Déi aner konnten awer praktesch alleguerte schaffen", sou den Alain Rix weider.

E Méindeg den Owend wiere schonns déi éischt gréisser Iessen an de Restauranten ofgesot ginn. Och de Guy Kirsch Patron vun enger Metzlerei an Traiteur-Service kann dat bestätegen. A sengem Betrib sinn d’Previsiounen direkt a ville Beräicher negativ.

"Et ass net esou einfach, mir mierken, dass d'Leit trotzdeem ëmmer méi fäerten. Mir hunn haut zum Beispill véier Annulatiounen am Traiteur. A mir sinn dräimol betraff. Mir sinn eng Kéier am Traiteur betraff, mir sinn eng Kéier an de Butteker betraff. Et mierkt een, datt d'Leit probéieren esou vill wéi méiglech doheem ze bléiwen, iwwert Internet ze bestellen. An dann och bei de Restauranten, déi mer beliwweren, do mierke mer, datt et immens roueg gëtt. Et si ganz vill Annulatiounen. Et ass e bëssen eng Katastroph erëm", sou de Guy Kirsch.

Den Dezember wier fir hien de wichtegste Mount am Joer. Lo steet Chrëschtdag virun der Dier an d’Leit géinge sech net trauen ze bestellen, well se net richteg wëssen, wou et higeet. Och déi éischt d’Betribsfeiere goufe mëttlerweil ofgesot.

Och den Evenementiel huet et an der Kris net einfach

An Concertssall "den Atelier" wëll ee CovidCheck an Identitéit virun Evenementer streng kontrolléieren, och wann de logisteschen Opwand net kleng wär, ewéi den Direkter Michel Welter erkläert.

Vill gréisser Concerten a keng Infektioun, déi signaliséiert gouf. An där Hisiicht kann den Organisateur sech net bekloen. De Problem sinn éischter international Gruppen, déi hir Tournée wéinst de strenge Mesuren an anere Länner nees ofsoen. D‘Show an der Hollerecher Strooss da mat.

Back to Top
CIM LOGO