
Am Kader vun der europäescher Woch vum Depistage ("European Testing Week") vum 15. bis den 22. Mee wëll d'HIV-Berodung och an Zäite vun der Corona-Pandemie de Public iwwer de sougenannten Aids-Virus informéieren. Den Accès op d'Tester kéint a Krisenzäite méi schwéier sinn, dofir erënnert d'HIV-Berodung vun der Croix-Rouge, datt hire Service vun 8h bis 12h a vu 14h bis 17h fir Renseignementer op ass.
Déi sougenannten HIV-Selbsttester kann ee ganz einfach bestellen, um 2755 4500, oder iwwer Email mat der Adress hivberodung@croix-rouge.lu. De Service ass gratis an et gëtt natierlech op de "Secret professionnel" geuecht.
Méi Informatioune fannt dir um Site www.aids.lu.