
De 5. Oktober goufen dann déi éischt 7 Wunnunitéite vun Abitatio ageweit. Fir dëse Projet goufen zu Nidderkuer, op der Kräizung vun der Rue des Écoles and er Rue St. Pierre 5 Haiser renovéiert an ëmgebaut, hei ass Plaz fir 33 Persounen entstanen. Dëse Projet gouf zu 75 Prozent vum Logementsministère an zu 25 Prozent vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte finanzéiert.
Abitatio ass eng Initiative vun der Fondatioun pour l'Accès au Logement, déi och schonn Agence Immobilière sociale gegrënnt huet.