Fir de Lëtzebuerger Fleegesecteur ass et nawell eng historesch Fusioun: De Reseau “Help” an de Service “Doheem Versuergt” vun der Croix-Rouge ginn zesummegeluecht. Den Numm Help wäert weider bestoe bleiwen, allerdéngs ënnert dem Daach vun der Croix-Rouge. Wärend et um administrativen Niveau zu enger Partie Upassunge kënnt, sollen d’Patienten awer keng Verännerunge mierken.
Bei Help schaffe méi wéi 1.500 Leit, déi an éischter Linn bei d’Patienten heem ginn, een Deel schafft awer och a feste Strukturen. Et ass een am ganze Land aktiv, sou datt ee pro Joer eng 7.000 verschidde Leit en Charge hëlt. An de Patient soll och an Zukunft weider am Mëttelpunkt stoen an am Idealfall bei senger Behandlung guer näischt vun der Fusioun mierken. De grousse Virdeel fir d’Leit wier, déi méi grouss Transparenz, well se kloer wëssen, wien hiren Uspriechpartner ass. D’Decisioun ze fusionéieren, gouf och virum Hannergrond vun enger schwiereger Situatioun am Secteur getraff, wéi de President vun Help Guillaume Steichen erkläert.
“Den Accès ass net gutt genuch, et si vill Leit, déi um Rand vun der Strooss stoe gelooss ginn. Mir hunn ee Manktem u Personal, mir hunn effektiv och Problemer um Niveau vu Contraintes financières op Säite vun der Keess, mir hunn eng Bevëlkerung, déi méi al gëtt an ëmmer méi Pathologies chroniques. All déi Saache sinn natierlech Defien, déi mer zesumme mussen ugoen.” No der Fusioun ass déi nei Struktur nach ëmmer d’Nummer Zwee am Secteur vun den Aides et Soins à domicile zu Lëtzebuerg, dat hannert der Stëftung Hëllef Doheem, déi Acteuren aus dem Beräich vun der Kierch regruppéiert. D’Konkurrenz wier an deene leschte Joren ëmmer méi grouss ginn, virun allem vu privaten Acteuren. De Generaldirekter vun der Croix-Rouge Michel Simonis weist sech trotzdeem optimistesch, och wann déi eege Wäerter engem d’Liewe par Rapport zur Konkurrenz e bëssi schwéier géinge maachen.
“Mir stinn haut do als ee ganz gudden Acteur a mir bréngen et fäerdeg, all déi Ambitiounen ze maachen. Mee eng vun den Ambitiounen, an déi hunn ech virdrun ugeschwat, dat ass, datt mir eng Couverture nationale hunn. Mir fueren an all Eck vum Land an et gëtt nëmmen ee Präis. Eng Minutt Fleeg kascht zu Wäiswampech sou vill, wéi matten an der Stad oder am Zentrum vun Esch. An dofir wann der lo kuckt, aner Acteure gi cibléiert dohi wou se relativ vill Cliente beieneen hunn a soen, mir maachen do Aides et Soins à domicile, se kréien dee selwechte Präis an do ass dann e bëssi Marge dran, dofir komme Leit.”
Wat d’Salariéeën ugeet, sou hätten déi keng negativ Repercussiounen duerch d’Fusioun musse fäerten, scho guer net um finanziellen Niveau.
“Mir sinn an deem heite Beräich souwisou ënnert dem Kollektivvertrag vum sougenannten SAS, vum Sozial- a Gesondheetssecteur, an dee Kollektivvertrag gesäit vir, wann een den Employeur wiesselt, souguer wann een e fräiwëlleg wiesselt, datt ee seng Anciennetéit a seng Droits acquis mathëlt. An hei ass et jo souwisou ëm eng Reprise gaangen, hei ass en bloc ee Grupp vu Salariéeë bei d’Croix-Rouge komm, wou selbstverständlech all d’Acquise bäibehale bleiwen.” Doriwwer eraus hätten d’Salariéeën elo de Virdeel, datt se fir ee vill méi grousse Patron schaffen an esou eng méi grouss Mobilité interne hunn, also hir Aarbechtsplaz innerhalb vum Grupp wiessele kënnen. Dat net nëmmen am Grupp Help, mee och an der Croix-Rouge, wou eng 3.500 Leit schaffen.
Et kann ee soen, datt et sech bei der Fusioun ëm dee leschte Schratt vun engem integrative Prozess handelt, dee sech iwwert eng Partie Jore gezunn huet. D’Grënnung vun Help geet iwwregens op d’Joer 1998 zeréck, wéi d’Assurance dépendance gegrënnt gouf.