
Mat Infinity Living fänkt eng nei Ära am Grand-Duché un: An Zukunft gëtt net méi an d'Breet, mä an d'Héicht gebaut. D'Ouverture vum héchsten Héichhaus a ganz Lëtzebuerg ass fir Mëtt 2020 geplangt. D'Réibauaarbechte wieren am Juni ofgeschloss ginn, sou Immobel an engem Pressecommuniqué.
D'Vente vum leschte Luxus-Appartement wier elo ënnerschriwwe ginn. Den ambitiéise Projet huet am Ganzen 165 Wunnengen op 25 Etagë virgesinn, déi duerch hiren héije Standard erausstiechen. Nieft enger privater Conciergerie kënnen d'Residenten och vun engem klengen Akafszenter am 104 Meter héije Gebai profitéieren. D'Bauaarbechte vum Shoppingzenter sollen am September fäerdeg sinn. Geplangt ass, dass d'Butteker Enn 2019 opgoe sollen.
6.800 Quadratmeter fir Büro-Raimlechkeeten a 6.500 Quadratmeter fir Geschäfter, Restauranten an aner Servicer goufe virgesinn.
Den Design staamt vum Architekt Bernardo Fort-Brescia, vun der Firma Arquitectonica, an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Entreprise M3 architectes.
Méi Informatiounen zu Infinity Living am Communiqué vun Immobel, deen den 29. August 2019 publizéiert gouf.