No bal 3 WochenHaut geet déi 679. Editioun vun der Schueberfouer op en Enn

RTL Lëtzebuerg
Den Ofschloss mécht traditionell ee Freedefeier, dat den Owend um 22 Auer ofgeschoss gëtt. D'Fouer huet nach eemol bis 1 Auer op.
© Paul Theisen

Vu 14 bis 20 Auer gëllt iwwregens op de Spiller nach eemol den hallwe Präis.

Ronn 230 Forainen waren dëst Joer op der Fouer vertrueden. De Gros war hei vu Lëtzebuerg, aus Frankräich an Däitschland. Eng vun de gréissten Attraktiounen fir dës Editioun war d'Alpina Bahn, déi virun allem duerch hier Gréisst ervirgestach huet. Normalerweis steet des Achterbunn um Oktoberfest zu München.

Den Datum fir déi 680. Editioun vun der Schueberfouer steet och scho fest. Si ass vum 21. August bis den 9. September 2020.

Schueberfouer: All d'Fotogalerien op ee Bléck

Back to Top
CIM LOGO