
Fir 3 Mënsche koum dëst Joer all Hëllef ze spéit.
Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner an Europa, wou am mannste gespent gëtt. De Grand-Duché läit op zweetleschter Plaz.
4 Patienten hu bis ewell dëst Joer hir Organer gespent, zejoert waren et der 7, 2017 waren et der 9.
Am Prinzip ass ee jo hei am Land d'office Organspender, mä an der Praxis gesäit et anescht aus. D'Famill gëtt gefrot an da gëtt dacks refuséiert.
De Gesondheetsministère a Luxembourg-Transplant wëllen dowéinst opklären. Mat engem „Passeport de Vie“ kann een zum Beispill schonn am Virfeld seng Decisioun festhalen, datt ee bereet wier, fir seng Organer weider ze ginn.
Papp als Liewensretter: Eng Organspend ka Mënscheliewe retten