René Winkin warntHaussen op der Pompel kéinte schonn iwwer e Véierel vun der Indextranche ausmaachen

Annick Goerens
Den Direkter vun der FEDIL schätzt, datt een de richtegen Impakt vun de Haussen op der Pompel eréischt a sechs Méint kéint spieren.
D'Bensinspräisser op enger Tankstell vum 20. Mäerz 2026.
D’Bensinspräisser op enger Tankstell vum 20. Mäerz 2026.
© DOMINGOS OLIVEIRA

Um Freidegmoien hu mir mam FEDIL-Direkter iwwert déi aktuell Enrgiepräishaussen an hiren Impakt op d’Industrie geschwat.

Knapp dräi Wochen nom Ufank vum Krich am Iran geet et monter weider mat de Präishaussen op der Pompel. Fir déi éischte Kéier zanter Mëtt Mee 2022 kascht e Liter Diesel op der Lëtzebuerger Tankstellen nees iwwer zwee Euro. Dat ass eng Hausse vun en Donneschdeg op e Freideg vu 15 Cent op de Liter. Déi Präisser wierke sech mat enger klenger Verspéidung op de Lëtzebuerger Marché aus, besonnesch bei Betriber, déi “Spot” kafen. Spot heescht, wann een zum Präis vun haut keeft, erkläert den Direkter vun der FEDIL, René Winkin.

Déi Betriber hunn aktuell ganz héich Gas-Käschten an och d’Matière premières ginn erop. Et géifen och schonn Enkpäss gi bei de Polymeren an enger Rei Produiten, déi aus dem Mëttleren Osten kommen.

Richteg Effekter vun dësen Haussë wäerte mer eréischt a 6 Méint spieren

D’Industriellefederatioun schätzt, dass d’Hausse bis en Donneschdeg schonn iwwer ee Véierel vun der Indextranche kéint ausmaachen. Beim Pëtrol géing dat zimmlech séier goen, well e ganz héich ponderéiert ass. Besonnesch beim Heizungsmasutt, wou net souvill Taxen drop sinn, wier déi prozentual Erhéijung nach méi héich wéi op den anere Carburanten. Wann dann den Transport méi deier gëtt, da muss een dovun ausgoen, dass och d’Gidder, déi hin an hier transportéiert ginn an duerno am Supermarché leien, méi deier ginn. D’Situatioun géing erënneren un 2021, wou een aus enger Partie Grënn, déi mam Covid, dem Lockdown an Interruptiounen ze dinn haten, duerno och vill méi spéit grouss Präishaussen hat.

“Do hu mer eigentlech sechs Méint méi spéit eréischt den Effekt an der Inflatioun gesinn. Mir hunn awer ewell am Summer 2021 gesi kommen.”

Strukturell Hausse vum Mindestloun: Dat passt iwwerhaapt net an dës Zäit eran

Grad dofir wier et aktuell eng “onsäglech Diskussioun” fir och nach wëllen de Mindestloun strukturell unzepassen. Well de Mindestloun wier indexéiert a géing jo dowéinst souwisou all zwee Joer ugepasst ginn. “Dat passt iwwerhaapt net an dës Zäit dran.” An et wier och keng Äntwert op déi Froen, déi sech elo stelle mat de Präishaussen, wann d’Leit sech kee Logement leeschte kënnen.“Tatsaach ass: et feelt Pëtrol, et feelt Gas an et wäerten an Zukunft eng Partie aner Produkter feelen”.

Dofir misst forcement d’Nofro zeréckgoen. Dat wäert och d’Wirtschaft ausbremsen, erkläert den Direkter vun der FEDIL. Dofir misst ee gezielt Mesuren huelen, do wou sech wierklech sozial Froe stellen. Wat d’Betriber ugeet, do wéilt een zesummen mat der Regierung reegelméisseg ee Monitoring maachen, fir och kënnen z’informéieren, wou d’Problemer kënnen opdauchen a wéi een déi da kann ugoen, erkläert de René Winkin.

Back to Top
CIM LOGO