ZeienopruffHandgräiflech Ausernanersetzung am Stroosseverkéier

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien am Fall vun enger kierperlecher Ausernanersetzung zu Bartreng an der Rue du Chemin de Fer.

En Automobilist gouf e Samschdeg tëscht 15.30 a 15.45 Auer ugegraff, well eng Virfaart net respektéiert gouf. Den onbekannte Mann, deen Zeie vum Virfall gouf a mam Affer op der Plaz geschwat huet, wéi och aner Zeie solle sech bei der Police Kapellen-Stengefort ënnert der Nummer 244 30 1000 mellen.

Back to Top
CIM LOGO