Uerg vun der Naturkatastroph getraffGrousse Schued um Camping "Um Salzwaasser" zu Buer

Christophe Hochard
Roulotten a Mobilhomer sinn de Waassermassen zum Affer gefall. Fir de Camping un der Sauer ass d'Saison gelaf.
Grousse Schued um Camping "Um Salzwaasser" zu Buer
Roulotten a Mobilhomer sinn de Waassermassen zum Affer gefall. Fir de Camping un der Sauer ass d'Saison gelaf.

Mat enger enormer Kraaft ass d'Sauer iwwert de Camping gezunn. Wéi grouss dës Energie muss gewiescht sinn, léisst sech u Biller ausmaachen: Ëmgeknéckte Luuchtepottoen, massiv Beem, déi mat hirer Wuerzel aus dem Buedem gerappt goufen, a Roulotten, déi net méi do stinn, wou se mol stoungen.

Zanter de 60er Jore gëtt et dëse Camping un der Sauer. Ugangs vu Privatleit gefouert, elo vum Syndicat d'Initiative geleet. Den 1.Juli huet d'Summersaison vum Camping "Um Salzwaasser" ugefaangen. Elo ass d'Zukunft ongewëss.

Déi Responsabel vun der Gemeng Rouspert-Mompech hunn e Samschdeg nach 8 Famillje relogéiert. An net méi spéit ewéi e Sonndeg de Moien huet nach eng Famill Hëllef bei der Gemeng gefrot.

E puer Dose Wunnenge sinn an der Gemeng net méi bewunnbar, d'Sportshal huet et och erwëscht a wéini nees déi éischt Touristen op de Camping komme kënnen, steet nach an de Stären.

Sperrmüll an der Gemeng Rouspert-Mompech.
Sperrmüll an der Gemeng Rouspert-Mompech.

Situatioun op de Campingen uechter d'Land

No den Iwwerschwemmungen vu leschter Woch ass den nationalen Tourismus-Secteur a viropp vill Campinge weiderhin relativ uerg vun de Suitte betraff.
18 Campinge si fir den Ament nämlech ganz, oder op d‘mannst zu engem gudden Deel zou. Dat schreift d’Vereenegung vun de Camping-Bedreiwer op hirer Facebook-Säit.

Do gëtt awer e reegelméisseg Update gemaach.

Sou gesäit een dann, dass beispillsweis de Camping officiel zu Klierf, oder d’Schützwiese zu Waasserbëlleg um Méindeg nees opmaachen. Anerer wäerten dëst Joer guer net méi opgoen.

Back to Top
CIM LOGO