
“Gäichel 13", esou den Titel vun der grousser Reunioun dëse Méindeg tëscht der Lëtzebuerger an der belscher Regierung. Eng Traditioun, déi 2004 mat engem éischte lëtzebuergesch-belsche Sommet an der Gäichel ugefaangen huet.
Bei de Gespréicher geet et ëm international, europäesch a natierlech bilateral Themen.
De Premier Frieden empfänkt de belsche Regierungschef De Wever. Parallel empfänken och d’Ministere Bettel, Delles, Backes, Gloden a Wilmes hir belsch Homologen.