Op Uerder vum ParquetGrouss Alkoholkontroll: 528 Chaufferen hu misse blosen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend tëscht 22.15 a 4 Auer an der Nuecht huet d'Police op Uerder vum Parquet d'Automobilisten am Norde vum Land op Alkohol getest.
© RTL Archivbild

Vun de 528 Fuerer, déi kontrolléiert goufen, waren der 11 positiv. Et huet awer kee Permis missen agezu ginn.

Vun der Police ugehalen

E puer Mol huet d'Police vun e Freideg op e Samschdeg an der Stad an zu Dippech missen agräifen, well Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt haten. 2 Führerschäiner goufen agezunn an ee provisorescht Fuerverbuet ordonéiert.

Back to Top
CIM LOGO