Grondschoul wéinst Asbest zouÉischten Dag vum Site Scheierhaff fir d’Schüler aus der Bieles Post Schoul

Pierre Weimerskirch
Samantha Weber
Nodeems am Keller vun der Grondschoul Bieles-Post Asbest fonnt gouf, bleift d'Schoul emol sécher bis d'Fuesvakanz zou.
Éischten Dag vum Site Scheierhaff fir d’Schüler aus der Bieles Post Schoul

Wéinst Asbest am Keller vum Fondamental Bieles-Post bleift d’Schoul vun e Mëttwoch dem 11. Februar u bis dem aktuelle Stand no der Fuesvakanz inclus zou. D’Schüler aus der Bieles-Post-Schoul gi bis dohin um Site Scheierhaff an d’Schoul, wéi d’Gemeng Suessem an engem Communiqué matdeelt. De Schoulbus kënnen d’Schüler um Arrêt “Post Schoul” huelen, dee vun do aus op de Scheierhaff fiert.

Grondschoul Bieles-Post wéinst Asbest zou
Nodeems am Keller vun der Grondschoul Bieles-Post Asbest fonnt gouf, bleift d’Schoul bis virop d’Fuesvakanz zou.

Wéi d’Buergermeeschter Simone Asselborn-Bintz am RTL-Interview erkläert, wier Asbest am Keller vun der Schoul fonnt ginn. Et hätt een doropshin “direkt reagéiert” an alles “hermeetesch zougemaach”. Dono wieren Analyse gemaach an d’ITM an d’Santé informéiert ginn. Aus “preventive Grënn” hätt een d’Schoul zougemaach, “fir einfach sécher ze goen, dass d’Kanner net a Kontakt kommen”, sou d’Simone Asselborn-Bintz. Och virdru wieren d’Kanner net mam Asbest a Kontakt komm, betount d’Buergermeeschtesch. Dat well den Asbest eben am Keller vun der Schoul fonnt gouf. Et géingen zwar elo nach weider Analyse gemaach ginn, ma si ass sech sécher, datt d’Post Schoul no der Fuesvakanz nees kéint opmaachen.

Bis dohi ginn d’Schüler wéi gesot um Site Scheierhaff an d’Schoul. An och d’Servicer wéi de Service de l’éducation et de l’accueil (SEA) ginn op anere Sitten iwwerholl. An dësem Fall um Site “A Gadder”.

Zesumme mam Direkter hätt een e Bréif opgesat, mat deem een d’Elteren informéiert huet, preziséiert d’Buergermeeschtesch. Och wann d’Simone Asselborn-Bintz net vu gesondheetleche Schied fir d’Schüler ausgeet, kënnen Eltere sech bei der Gemeng informéieren. Dës géingen a Retour awer och informéiert ginn, soubal d’Analyse fäerdeg sinn, betount d’Gemengemamm.

PDF: Temporär Fermeture vun der Schoul "Bieles Post"

Éischten Dag um Site Scheierhaff

Der Elterevertriedung hiren Informatiounen no hätt beim éischte Bustransport e Mëttwoch de Moien alles geklappt, de François Duhr, President vun der Elterevertriedung, erkläert dass nëmmen ee Bus do war, deen dunn e puer mol huet misse fueren, mee vun en Donneschdeg u missten dann och méi Busser moies do sinn, fir d’Kanner op de Scheierhaff ze bréngen.

D‘Gemeng grad wéi de Schoulcomité an d‘Elterevertriedung waren allgemeng zefridden, wéi den éischten Dag um Scheierhaff ofgelaf wier. Et goufen awer Elteren, déi sech beschwéiert hunn, et géif kee roude Fuedem an der Kommunikatioun ginn, all Klass hätt aner Consignë kritt, an och de Bustransport hätt net gutt geklappt, d’Kanner hätte misse laang am Ree waarden. Op der Gemeng gouf een awer éischter kontaktéiert wéinst logistesche Froen oder Remarken. D’Buergermeeschtesch géif et bedaueren dass d’Leit sech éischter beim RTL melle wéinst de Problemer an net mat der Gemeng oder der Schoul a Kontakt trieden.

Fir de Rescht vun der Woch bleiwen déi 19 Klasse vun der Bieles Post Schoul elo mol um Scheierhaff. Falls si no der Fuesvakanz net kéinten zeréck an hiert eege Gebai goen, gëtt elo schonn un enger aner Léisung geschafft.

Back to Top
CIM LOGO