
“Keen Etat de la Nation, ouni Zuelen um Dësch!” E bëssen méi ewéi eng Woch virun der Ried vum Premier an dem Depot vum Budgetsprojet fir 2021 fuerdert d’CSV déi aktuellsten Zuelen iwwert d’Ausgaben an d’Recettë vum Staat geliwwert ze kréien. “Mir sinn an der Kris an et ass d’Recht (vun der Chamber) an d’Flicht vum Finanzminister fir der Chamber d’Zuelen virzeleeën”, sou de Gilles Roth. Dem CSV-Deputéierten no misst d’Chamber virum Etat de la Nation kënnen aschätzen, ob d’Mesurë fir d’Relance gegraff hunn, wéi vill Suen do sinn a wéi eng Investissementer an Zukunft gemaach ginn. De fréieren CSV-Finanzminister Luc Frieden hätt wärend der Kris 2008-2009 all Mount d’Evolutioun vun de Staatsfinanzen presentéiert.
De Gilles Roth huet weider erzielt, wéi d’Deputéiert vun de Regierungsparteien an der Chamber Finanz- a Budgetskommissioun e Méindeg de Moien dogéint gestëmmt hätten, fir de Finanzminister opzefuerderen, d’Zuelen presentéieren ze kommen. Kuerz drop hätte se sech et awer anescht iwwerluecht, sou de Gilles Roth. Den CSV-Deputéierten geet also dovunner aus, datt de Finanzminister Pierre Gramegna deem Appell wäert nokommen.