Zu ArelGréissert Feier an engem Restaurant an der Avenue de Longwy

RTL Lëtzebuerg
Zu Arel war e Méindeg ee gréissere Rettungsasaz. Dat wéinst engem Brand an engem Restaurant an der Avenue de Longwy, wéi belsch Medie mellen.
© Mobile reporter / Facebook

Op Biller waren deck schwaarz Dampwolleken ze gesinn. Iwwer d'Brandursaach an och d'Envergure vum Feier e Méindeg am Nomëtteg ass nach näischt gewosst.

D'Pomjeeë vun Arel, Aubange, Etalle a Virton waren am Asaz, heescht et bei "L'Avenir". Déi betraffe Plaz war op dësem Ouschterméindeg op gewiescht an et wier éischten Erkenntnisser no eng Explosioun ze héiere gewiescht, heescht et um belsche Site weider.

Back to Top
CIM LOGO