Spezialunitéit war geruff ginnEt gouf eng Geiselnam an engem Supermarché zu Käerjeng gemellt

Andy Brücker
Wärend dem Asaz vun der Police war d'Avenue de Luxembourg gespaart ginn.
Gréissere Policeasaz zu Käerjeng - Eng eventuell Geiselnam war gemellt ginn
Och d’Spezialunitéit war op d’Plaz geruff ginn.

E Méindeg de Moie géint 8.40 Auer huet d’Police d’Medien informéiert, dass et ee Policeasaz zu Käerjeng géif ginn, méi präzis an der Avenue de Luxembourg. D’Strooss war gespaart ginn. Weider Informatioune gouf et deen Ament net.

Kuerz no 9 Auer krute mer d’Informatioun vun der Plaz, dass d’Stroossespär opgehuewe wier. Dat huet d’Police eis op Nofro och géint 9.11 Auer bestätegt.

Um 9.20 Auer gouf et da weider Präzisiounen.

Kuerz virun 8 Auer gouf eng Geiselnam an engem Supermarché an der Avenue de Luxembourg zu Käerjeng gemellt. Direkt e puer Patrulle vun der Police sinn op d’Plaz gefuer, grad ewéi och d’Spezialunitéit. Et gouf e Sécherheetsperimeter ronderëm de Supermarché ageriicht.

De Supermarché gouf iwwerpréift, ma et gouf keng Unzeeche vun enger Geiselnam.

Eng Enquête iwwert d’Hannergrënn vun der Meldung ass amgaangen.

Back to Top
CIM LOGO