Feier an AppartementshausGréissere Pompjeeës- a Policeasaz um Knuedler
E Freideg um 19.08 Auer gouf de Rettungsdéngschter e Feier an engem Méifamilljenhaus um Knuedler gemellt. Dat huet d'Police op Nofro vun RTL confirméiert.
Weider Informatioune géifen aktuell awer nach keng virleien. Op Fotoe vun der Plaz ass ze gesinn, datt direkt méi Pompjeesween an d’Police am Zentrum vun der Stad am Asaz sinn.