Wéinst Uruff um 113Gréisser Policeaktioun um Stater Boulevard Royal

RTL Lëtzebuerg
Op Nofro hin ass RTL vun der Police gewuer ginn, datt den 113 eppes eragemellt kritt hat an datt dëst iwwerpréift gi wier.
© Archiv

En Donneschdeg am spéide Moie gouf et eng gréisser Policeaktioun um Stater Boulevard Royal.

Op Nofro hin ass RTL vun der Police gewuer ginn, datt een iwwert den 113 eppes eragemellt kritt hat an datt dëst iwwerpréift gi wier. Et hätt sech awer erausgestallt, datt do näischt dru wier.

Wourëm et goung, wollt d’Police RTL géintiwwer net präziséieren.

Wéinst der Interventioun war et um Boulevard Royal och zu Problemer am Trafic komm.

Back to Top
CIM LOGO