D'Bank géing sech net un d’Klimaziler halen, ma sech trotzdeem als klimafrëndlech Institutioun duerstellen, esou de Reproche vun den Aktivisten.
D’Europäesch Investitiounsbank nennt sech selwer och "Europäesch Klimabank". En Numm, deem se awer net gerecht géing ginn, sou Greenpeace Lëtzebuerg. Eigentlech huet sech d'Bank nämlech dozou verflicht d'Ziler vum Paräisser Klimaofkommes anzehalen an all hir finanziell Aktivitéiten dorunner unzepassen.
Anstatt sech awer un dëst Verspriechen ze halen, géing se weiderhi klimaschiedlech Projete finanzéieren. Dorënner falen ënner anerem och Fossilgasprojete. Mee net nëmmen, wéi de Greenpeace-Aktivist Fränk Thinnes ënnersträicht:
„Des weideren huet se och net geschafft zum Beispill sou grouss Energieversuerger wéi PGE op eng schwaarz Lëscht ze setzen, obwuel déi wierklech déi allergréissten Ëmweltverschmotzer a Polen zum Beispill sinn. Wieder Problemer sinn déi industriell Landwirtschaft an och investéieren se ëmmer nach Suen an den Ausbau vun Autobunnen.“
De Fränk Thinnes bezitt sech hei spezifesch op den Ausbau vun der A49 an Hessen, déi direkt duerch den Dannenröder Bësch leeft, deen Honnerte vu Joren al ass.
D‘Organisatioun warnt dann och nach, datt wann d’EIB sou weider mécht, d’Suitte vun der Klimakris nëmmen nach méi schlëmm géinge ginn. Dofir stellt Greenpeace konkret Fuerderungen, de Fränk Thinnes:
„Eis konkret Fuerderunge sinn, datt se lo wierklech sollen ophalen a fossil Brennstoffer ze investéieren oder kuelestoffintensiv Firmen an dass se wierklech och lo Klimakriterien do opstellen an dat haaptsächlech och wierklech fir déi intermediär Banken.“
D’BEI hirersäits wéist d'Virwërf vu Greenpeace zréck a präziséiert dass hiert Zil ass ganz aus de fossillen Energien erauszeklammen. D’Bank géif sech de Paräisser Klimaaccorden upassen, heescht et an engem Communiqué.