Verlängerung vun der WanteraktiounGrad elo eng wichteg Stäip fir Sans-abrien

Christophe Hochard
An der Moyenne sinn et aktuell eng 80 Persounen déi vum Dagesfoyer profitéieren. 100 Leit verbréngen d'Nuecht iwwer um Findel.
Verlängerung vun der Wanteraktioun
An der Moyenne sinn et aktuell eng 80 Persounen déi vum Dagesfoyer profitéieren. 100 Leit verbréngen d'Nuecht iwwer um Findel.

Am Prinzip fänkt d'Wanteraktioun ëmmer den 1. Dezember un an dauert bis Enn Mäerz. Se riicht sech u sozial schwaach Leit, déi keen Dach iwwer dem Kapp hunn. Wéinst der Corona-Kris gouf d'Wanteraktioun eng éischte Kéier bis Enn Abrëll an elo souguer bis den 30. Juni verlängert. Fir d'Sans-abrien eng wichteg Stäip, well och si sinn net vum neie Virus verschount bleiwen.

Um Findel an der Neiduerfer Strooss ass zanter leschtem Dezember de Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun doheem. Zanter dem 1. Abrëll kënnen d'Sans Abris och daagsiwwer hei passéieren. Den Dagesfoyer zu Bouneweg um "Leschte Steiwer", dee vum Roude Kräiz geleet gëtt, ass nämlech zanterhier zou.

An der Moyenne sinn et aktuell eng 80 Persounen déi vum Dagesfoyer profitéieren. 100 Leit verbréngen d'Nuecht iwwer um Findel.

En Ënnerdaach hunn an z'iesse kréien: Dëst gëllt wärend de Wanterméint an den Ament och doriwwer eraus. Wéinst der sanitärer Kris bleift d'Haus bis den 30. Juni fir Sans-abrien op.

Mam Ausbroch vum Coronavirus si wärend der Wanteraktioun 22 Mënschen duerch de Covid-19 krank ginn. 18 Sans-abrien gëlle mëttlerweil als geheelt a 4 sinn nach an engem Traitement.

Wärend dem ganze Confinement war et dacks net einfach d'Struktur vun der Wanteraktioun mat genuch Benevoller funktionéieren ze dinn. Déi eng waren am Congé social, anerer ware selwer vulnerabel.

De Site vun der Wanteraktioun besteet aus 2 Gebaier. Dohier ass et méi einfach Leit, déi keen Dach iwwer dem Kapp hunn, z'isoléieren an hinnen e medezinesche Suivi ze garantéieren.

Am Prinzip fänkt déi nei Saison vun der Wanteraktioun den 1. Dezember 2020 un an dauert bis den 31. Mäerz d'nächst Joer.

Back to Top
CIM LOGO