Consultativ MënscherechtskommissiounGilbert Pregno reprochéiert der Regierung Berodungsresistenz

Fanny Kinsch
Et geet net nëmmen drëm ze kucken, datt keng Opposition formelle kënnt, Chamber a Regierung sollen d'Avise vum Staatsrot a vun aneren Organer seriö huelen.
© Archiv

Wéi een Impakt huet déi sanitär Kris op d'Mënscherechter zu Lëtzebuerg - där Fro geet déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH an engem neie Rapport no. Thematiséiert ginn ënnert anerem d'Situatioun vu Leit a besonnesch prekäre Situatiounen, wéi elengerzéiend Familljen, Flüchtlingen oder Mënschen, déi an Alters- a Fleegeheemer liewen. An do stelle si nach eng Rei Problemer fest.

Rapport Mënschrechtskommissioun / Rep. Fanny Kinsch

D'Mënscherechtskommissioun fuerdert d'Regierung op, bei hire Covid-Mesurë méi dorop anzegoen, datt se net jiddereen d'selwecht treffen. Den Aarmutsrisiko vun elengerzéiende Famillje wier zum Beispill nach weider eropgaangen, dobäi wieren hei dacks Frae betraff, déi och nach majoritär a Secteure schaffe géifen, an deene se besonnesch exposéiert wieren, wéi de Botz-, Fleege- oder Alimentatiounsberäich. D'CCDH mécht sech iwwerdeems Suergen, wéinst der haislecher Gewalt, seet de Jurist Max Mousel.

"Quitt, datt déi offiziell Chifferen hei zu Lëtzebuerg bis elo keng gréisser Verschlëmmerung undeiten, hu mir do ganz grouss Bedenken a warnen, datt déi Chifferen net onbedéngt der Realitéit entspriechen. Firwat, well verschidden Zerwisser um Terrain schonn ënnerstrach hunn, datt si méi Ufroe fir Hëllef erakréien an datt et natierlech momentan, virun allem am Kader vun engem Confinement, méi schwéier gëtt, fir un d'Affer erun ze kommen."

Hei bréicht et zum Beispill eng Telefonslinn fir Affer vun all Zorte vu Gewalt, déi ronderëm d'Auer erreechbar wier.
E weidert Thema vum Rapport: d'Situatioun vu Persounen, déi a Strukture liewen. D'Mënscherechtskommissioun bedauert, datt d'Regierung hei keng kloer Mesuren, ma just Recommandatioune ginn huet. Dat wier net ëmmer gutt gaangen.

"Do waren zum Beispill Leit an Zëmmeren agespaart ginn, Besuchsverbueter, allgemeng gouf et e Gefill, eleng gelooss ze sinn an e Gefill vun der Angscht, mee och op där anerer Säit d'Hëlleflosegkeet an d'Verzweiwlung vun der Famill a Frënn, mee awer och vum Personal. De Fokus ass also plazeweis éischter op d'physesch Gesondheet gesat ginn, wärend déi mental a sozial Komponent dës Ëfteren éischter zweetrangeg war. D'Personal, dat um Terrain geschafft huet, huet sech och dës Ëfteren ëffentlech zu Wuert gemellt an erkläert, datt si duerch déi Situatioun eben heiansdo gezwonge waren, géint hir Prinzippien a Valeuren ze agéieren. Dofir recommandéieren mir hei der Regierung, hir Approche nach eemol z'iwwerdenken a kloer a koherent Mesuren ze huelen, déi och op Mënscherechter baséiert sinn. Hei ass et dann och immens wichteg, datt d'Regierung déi Etüd iwwert déi konkret Impakter fir déi betraffe Leit, mat där si d'CCDH beoptrage wollt a wou mir bis haut nach op e Retour iwwert déi néideg Ressourcë waarden, datt déi Etüd sou séier wéi méiglech duerchgefouert gëtt."

Ouni déi néideg Ressource kéint een natierlech kee Rapport maachen. D'CCDH huet sech och mat der Situatioun vun de Flüchtlinge beschäftegt. Nach ëmmer wieren d'Informatiounen iwwert d'Pandemie fir si sproochlech an och kulturell schwéier ze verstoen, a verschiddene Strukture wier et keen Accès op den Internet ginn, wouduerch den Homeschooling och net konnt klappen, de Leit hir Beweegungsfräiheet wier ageschränkt ginn an et wier versicht ginn, Leit aus de Foyeren eraus ze puchen. E weidere Problem, deen nach ëmmer net geléist wier, wier datt Demandeure vun enger internationaler Protektioun hir Demande net kënnen erareechen, seet d'Anamarija Tunjic, Juristin bei der CCDH.

"Wourënner och Famillje mat klenge Kanner waren, deenen hir Asyldemande vun der Direction de l'immigration net enregistréiert ginn ass. Dat ass e Problem, deen et schonn eng länger Zäit gëtt, deen am Kader vun der Pandemie awer nach vill méi dramatesch ass. Wann een eng Demande net enregistréiere kann, da kritt ee kee Papier rose, dat heescht et kann een och net zréck an de Foyer d'accueil goen an et fënnt ee sech op der Strooss erëm."

Allgemeng recommandéiert d'Mënscherechtskommissioun der Regierung, d'Avise vun deene verschiddenen Organer seriö ze huelen, an net nëmmen op d'opposition formelle vum Staatsrot ze reagéieren. De President vun der CCDH Gilbert Pregno huet vu Berodungsresistenz geschwat.

"Mir hunn zënterhier d'Pandemie un ass 13 Avis geschriwwen, déi mat der Pandemie ze dinn haten. Ech hu gëschter Owend déi eenzel Avisen duerchgeholl, gekuckt, d'Säite gezielt, mat dësem Rapport sinn et ganzer 170 Säiten, déi mer geschriwwen hunn. Mat onzielbar ville Recommandatiounen. Mir hunn och gekuckt, wéi vill Recommandatiounen zeréckbehale gi sinn. Et sinn der 3."

Back to Top
CIM LOGO