Kongress vun der UGDAGilbert Girsch als President bestätegt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moien hat d'UGDA op hire Kongress invitéiert.
© Pierre Weimerskirch (RTL Télé Lëtzebuerg)

Beim Kongress vun der UGDA goufen de Gilbert Girsch a säi Conseil bestätegt. De Girsch war deen eenzege Kandidat an esou bleift hien dann de President. An 3 Joer wëll sech de 67 Joer ale Mann awer net méi opstellen.

Reiwereien, wéi ee se nach viru 5 Joer an der UGDA, der Union Grand-Duc Adolphe, kannt huet, ginn et de Moment keng méi, dat sot am Virfeld vum Kongress vun der UGDA, de President Gilbert Girsch. D’Nadine Gautier huet mat him iwwert d’Aarbecht vun der UGDA geschwat an iwwert d’Evolutioun vun de Memberszuelen.

Kongress vun der UGDA - Reportage Nadine Gautier

Ronn 13.500 Memberen an iwwer 200 Veräiner zielt d’UGDA de Moment. Domadder hätt ee stabel Zuelen, ma et wéilt een an de nächste Jore weider Memberen unzéien.  An dat kéint duerch de gratis Museksunterrecht geléngen, deen d’Regierung envisagéiert. Dat wier eng grouss Chance, esou de Gilbert Girsch.

Donieft ass ee mat engem Pilotprojet an de Grondschoulen zu Bartreng a Mamer am gaangen. Do gi Museksstonne vun Enseignantë vun der UGDA gehalen, wann de Grondschoul-Enseignant dofir seng Stonn ofgëtt. D’Kanner wieren nämlech wärend de Schoulstonne méi fit, wéi wa se no der Schoul nach a Course musse goen: "Dat heescht, si ginn do Musek geléiert, an déi Stonne wou se da Couren hätten, déi ginn do ageholl an d'Schoul."

Zanter der leschter Rentrée leeft dee Pilot-Projet. Zwar wëll een d’Memberszuelen iwwert déi nächst Joren eropschrauwen, allerdéngs stellt een och fest, datt 4 op 10 jonk Museker hir Passioun op Äis leeën, well se zum Beispill studéiere ginn: "A wann en erëm kënnt, vill vun deene gudde Musekanten, déi mir da verluer hunn, kommen erëm an si studéiere weider oder maachen hire Beruff. A fir d'Musek si se leider verluer."

An der UGDA selwer muss een déi nächst Joren u verschiddene Fronten aktiv ginn. Zum Enge muss ee wéinst der Altersstruktur vun de Mataarbechter nei Leit fannen, an op der anerer Säit erhofft ee sech méi Zoulaf bei de Benevollen.

Virun iwwert 2 Joer war d’UGDA mat der Steierverwaltung uneneegeroden. Dat wéinst Donen, déi iwwert d’UDGA u kommunal Museksveräiner gaange sinn, fir kënnen ofgesat ze ginn. Eng Praxis, déi d’Steierverwaltung esou net wollt gëlle loossen: "Villes leeft iwwert de Focuna (Fonds Culturel National Luxembourg), mir mellen eis do net méi eran, dat ass bei eis een Tabuproblem. Fir eis ass dee Problem geléist."

Back to Top
CIM LOGO