
Géint 17.40 Auer gouf e Mann vun dräi Maskéierten am Garer Quartier an der Stad iwwerfall. Dobäi krut hie säi Portmonni ewechgeholl. En Onbekannte war dem Affer nogaangen a krut kuerz dono Hëllef vun zwou weidere Persounen. Dës koume vu vir an hunn de Mann gefrot, ob hien eng Zigarett fir si hätt. An deem Ament krut hie vun der Persoun vun hannen de Portmonni aus der Täsch geklaut. Wéi hien dëser wollt nolafen, gouf hei vun den anere Persounen ugehalen. Déi sinn dono awer och fortgelaf. Eng Plainte gouf gemaach.
Zu Déifferdeng gouf dann géint 22.40 Auer eng Persoun am Parc Gerlach iwwerfall. Si hunn dat jonkt Affer attackéiert an him säi Kuerf ewéi och den Handy geklaut. D'Police vun Déifferdeng ermëttelt.