Avis vum Staatsrot iwwert d'Covid-GesetzGesondheetskommissioun huet problemateschen Artikel gestrach

RTL Lëtzebuerg
De Staatsrot mécht dohier a sengem Avis iwwert deen neie Covid-Gesetzprojet eng formell Oppositioun.

Et geet drëm, datt den Text engem eenzele Minister Kompetenze géif ginn, déi awer bei der ganzer Regierung leien.

An dësem Fall wier de Minister betraff, deen zoustänneg ass fir Kanner a Jugendlecher, also de Claude Meisch. Esou wéi den Text den Ament virläit, géifen de Pouvoir exécutif an de Pouvoir législatif sech iwwerschneiden.

Déi héich Kierperschaft hat an hirem Avis eng Léisung proposéiert, andeems se d'Dier opgemaach huet, fir déi viséiert Dispositioun entweder nei ze formuléieren oder ganz ze sträichen.

Déi parlamentaresch Gesondheetskommissioun, déi  beienee war, huet decidéiert dee betraffenen Artikel ze sträichen.

Donieft gouf den Avis vum Conseil d'Etat am Detail analyséiert an déi zoustänneg Kommissioun huet sech bis um Donneschdeg am spéiden Nomëtteg Zäit ginn, fir de Rapport ze finaliséieren an dann ze stëmmen.

Dat neit Covid-Gesetz gëtt dann um Freideg de Mëtteg an der Plénière ugeholl a gëllt bis de 14. Mäerz inclus.

Hei de kompletten Avis vum Staatsrot.

Back to Top
CIM LOGO