
D’Geschäfter vum fréieren LSAP-Vizepremier Etienne Schneider lafe gutt. Reporter.lu no huet seng Consulting-Firma "Beta Aquarii" d’lescht Joer, a just 9 Méint no senger Grënnung, en Ëmsaz vu 900.000 Euro verbucht a souguer e Benefice vun 200.000 Euro. D’Steieren op d’Resultat belafe sech op 68.000 Euro wat eng Besteierung vun 30% géing entspriechen.
Den Etienne Schneider huet am Februar d’lescht Joer, just iert d’Pandemie hei ukomm ass, d’Regierung verlooss a kuerz drop seng Firma gegrënnt. Den Ethikcomité hat Bedenke geäussert: den Deontologieskodex fir Regierungsmembere misst iwwerkuckt ginn an eng Karenzzäit virzegesinn. An anere Wierder: no senger Demissioun misst e Regierungsmember zum Beispill 2 Joer waarden, ier e ka privat ekonomesch Aktivitéiten an engem Beräich hunn, déi mat sengem fréieren Amt ze dinn hunn.