“Et muss een ëmmer gewappnet sinn, also wäert och an Zukunft eng Arméi ëmmer néideg sinn.” Dat sot de Generol Steve Thull, Chef d’Etat major vun der Lëtzebuerger Arméi e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich.
Et wier extrem wichteg, datt Europa a punkto Defense méi autonom gëtt. Dat wier bis elo leider vernoléissegt ginn, bedauert de Steve Thull an et hätt ee sech blannemännerches op d’USA verlooss an dorënner géif een haut leiden. Op militäreschem Niveau wiere mer dem Generol no net do, wou mer misste sinn. Momentan wiere mir Europäer amgaang ze struewelen, mee zum Gléck géifen awer elo Efforte gemaach ginn. “De Krich preparéieren, heescht net, datt een de Krich wëll”, huet de Steve Thull betount. Et misst een awer fir de Noutfall prett sinn, fir sech ze wieren an dofir wier et enorm wichteg, déi néideg Efforten ze maachen, fir méi resilient ze ginn a méi stabil a sécher do ze stoen. Et wier awer och evident, datt een als Lëtzebuerg ni konkret kéint eng Differenz maachen, och wann ee vill op militäreschem Plang géif maachen. Mir misste verstoen, datt mer insgesamt an dëser Welt nëmmen iwwerliewe kéinten, wa mer als Europäer zesummenhalen.
Militäresch gesäit de Generol Steve Thull aktuell kee reelle Risiko vun enger direkter Konfrontatioun mat den USA. Grönland wier strategesch wichteg ënnert anerem, well d’Nordwestpassage duerch de Klimawandel ëmmer méi accessibel gëtt, well d’Rakéite vu Russland a Richtung USA géifen iwwer Grönland fléien an dofir d’Radar- a Verdeedegungssystemer essentiel sinn. Bis elo wier een och net gefrot ginn, fir a Grönland an den Asaz ze goen. Weider wollt de Generol Thull sech net zu den Entwécklungen a Grönland äusseren a sot, datt aktuell virun allem um politesche Plang Decisiounen misste geholl ginn a net um militäreschen.
“Ouni Fridde funktionéiert näischt, weder de Sozialstaat nach d’Klimapolitik!”, huet de Generol Thull ënnerstrach. Hie kéint zwar novollzéien, datt d’Defensausgabe vu verschidde Leit kritiséiert ginn, mee betount zäitgläich, datt d’Basis vun allem virop de Fridden ass. Investitiounen an d’Defense wieren dofir keng Konkurrenz, mee eng Viraussetzung fir e stabille Sozialstaat. Hien hätt sech awer gewënscht, datt an der Vergaangenheet scho méi investéiert gi wier, da misst een dat elo net nohuelen.
D’Defense-Bonds, déi jo bannent kuerzer Zäit ausverkaaft waren, géife senger Meenung no weisen, datt vill Bierger bereet sinn, Sécherheet och finanziell matzedroen, net nëmme wéinst dem Rendement, mee och aus Iwwerzeegung.
Nieft Investissementer vun der Arméi ënnert anerem an nei gepanzert Gefierer (CLRV, Jaguar, Griffon), d’Kommunikatioun a Satellitten (GovSat), d’Loft- a Rakéitenofwier oder d’Moderniséierung vum Härebierg ass eng grouss Neiheet de binationale Kampfbatailloun mat der Belsch. Ronn 350 Zaldote solle bis 2030 operationell prett sinn. Dat bedeit méi schwéier Gefierer, méi eng intensiv Ausbildung an eng nei Mentalitéit: d’Arméi muss erëm op e grousse konventionelle Konflikt virbereet sinn. Déi gréisst Erausfuerderung bleift dobäi de Rekrutement. D’Arméi brauch méi Leit op allen Niveauen. Dofir si méi laang Kontrakter, besser Pai a méi attraktiv Carrièremodeller virgesinn. En obligatoresche Militärdéngscht gesäit de Steve Thull aktuell skeptesch, schléisst awer net aus, datt an Zukunft méi strukturéiert fräiwëlleg Modeller kéinte kommen.
Fir de Generol Thull ass kloer: D’Ukrain dierf net verléieren! Eng Néierlag hätt net nëmme Konsequenze fir d’Land selwer, mee fir d’ganz europäesch Sécherheetsuerdnung. Russland huet seng Ekonomie op Krich ëmgestallt a produzéiert méi Waffen, wéi Europa aktuell zesumme fäerdegbréngt. Dat mécht et ëmsou méi wichteg, d’Ukrain weider ze ënnerstëtzen, virun allem mat Loftofwier-Systemer, déi d’Zivilbevëlkerung schützen.
No bal véierzeg Joer am Déngscht geet de Steve Tull dëst Joer jo an d’Pensioun. Fir hie wier d’Arméi ni just e Beruff, mee eng Beruffung gewiescht, sot hien am Background. Hie verlaangt vill vun de Leit, ënnersträicht awer gläichzäiteg d’Wichtegkeet vu Mënschlechkeet, Vertrauen a Kredibilitéit an der Féierung. Säi Wonsch fir säin Ofschloss ass pragmatesch: besser Pai fir d’Zaldoten, konkret Fortschrëtter beim Kampfbatailloun an e klore Plang fir d’Loft- a Rakéitenofwier zu Lëtzebuerg. Wien dem Generol Steve Thull säin Nogollger als Chef d’Etat Major vun der Arméi gëtt, ass iwwregens nach net gewosst.
Invitéiert war de Generol Steve Thull, Chef vun der Lëtzebuerger Arméi.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.