
Um Stater Geriicht gouf um Mëttwoch de Moien e Mann, deen am Juli en Accident mat engem Zuch provozéiert hat, zu enger Geldstrof vu 5.000 € an zu engem Fuerverbuet vun zwee Joer mat Sursis verurteelt. Donieft muss hien der Eisebunn Schuedenersatz an Héicht vun net grad 75.000 € bezuelen.
De Mann hat virun déck zwee Méint kuerz virun Hallefnuecht a mat 2,35 Promill Alkohol am Blutt eng Barrière zu Beggen ignoréiert, déi am gaange war erofzegoen. Säin Auto war op de Schinne vun engem Zuch erfaasst ginn, dee vu Walfer hier koum. Wéi duerch e Wonner war kengem Mënsch e Leed geschitt. Speziell un dëser Affär war, dass de Beschëllegte Buschauffer ass, an zwar... bei de CFL.
Accident mat Zuch provozéiert: Geldstrof a Fuerverbuet fir Beschëllegte viru Geriicht gefrot (22.9.20)
Kee Blesséierten: Kollisioun tëscht Zuch an Auto zu Beggen (23.7.20)