
Déi gemellte Persoun wier kuerz no der Dot geflücht.
Bei enger Sichaktioun am Laf vun der Nuecht konnten 2 Verdächteger ausgemaach ginn. Bei den Ermëttlunge koum eraus, dass si fir e puer Virfäll responsabel sinn. Si haten an de leschten Deeg an enger Bensinsstatioun zu Esch geklaut an haten déi Wuer och nach bei sech.
Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl a komme virun den Untersuchungsriichter.