MinettmetropolGeimpft oder nees gesond, fir op den Escher Chrëschtmaart ze kommen

RTL Lëtzebuerg
Eng vun dësen 2G-Konditioune mussen erfëllt sinn, fir däerfen um Escher Chrëschtmaart op- an ofzegoen.
2G-Reegel um Chrëschtmaart an der Minettsmetropol
Geimpft oder nees gesond fir op den Escher Chrëschtmaart ze kommen

Dës Reegel gëllt zanter e Mëttwoch an der Minettmetropol.

Organiséiert gëtt de Chrëschtmaart vum Escher Syndicat d'Initiative. Déi éischten Deeg gouf et kee CovidCheck. Dëst mam Argument, déi eenzel Verkafsstänn wären espacéiert an et wär een ënner fräiem Himmel. Déi vill Leit, déi ugangs op de Chrëschtmaart komm sinn, hunn d'Gemengeresponsabel zum Handele beweegt.

Den 3G war domadder agefouert. Elo heescht Devis: 2G. Dat heescht, fir laanscht d'Stänn op der Gemengeplaz ze flanéieren, muss een de Leit vun der Sécherheetsfirma säin Impfpass presentéieren. Weist d'App "gréng" un, kritt een e Bändchen ëm d'Handgelenk a lass geet et.

Wéi mir op Nofro aus dem Staatsministère gesot kruten, wier dat kee Problem, datt d’Gemeng an de Syndicat d’initiative decidéiert hunn, de méi strenge CovidCheck-Regime anzeféieren. Dass d’Sécherheetsagenten de Leit hiren Zertifikat kucken ass dateschutztechnesch fir de Staatsministère och kee Problem – et géinge jo keng Donnéeë stockéiert ginn, heescht et hei.

An Zukunft soll et an der CovidCheck-Applicatioun 2 Méiglechkeete ginn – bei där enger ass een dann nëmmen nach gréng, wann ee geimpft oder nees gesond ass.

39 verschidde Stänn ginn et um Escher Chrëschtmaart. Op der Brill-, virun der Gemengeplaz an duerch d'Uelzechtstrooss sinn déi eenzel Chalete verdeelt. No laangen, schwierege Méint, wou näischt konnt organiséiert ginn, freeë sech d'Forainen op déi nächste Wochen hei an der Minettmetropol.

D'Kanner bis 12 Joer falen net ënnert d'2G-Reegel. Bis den 22. Dezember dauert de Chrëschtmaart zu Esch.

Back to Top
CIM LOGO