ËmfroGéift Dir och nach no der Corona-Pandemie eng Mask undoen?

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem an Däitschland gouf dat gefrot an do géife 44,7% vun de Leit weider Masken undoen, 41,9% wéilte ganz dorobber verzichten.
© AFP (Archiv)

Duerch d'Coronamoossname ass och d'Zuel vun aneren Infektiounskrankheeten däitlech erofgaangen. Dowéinst kéint sech bal d'Hallschent vun de Befrotene virstellen, och no der Coronapandemie weiderhin eng Mask unzedoen.

Bei all de befrote Leit mierkt een awer och, datt AfD- an FDP-Wieler haaptsächlech géint en Droe vu Maske sinn, SPD- a Gréng-Wieler éischter dofir.

Och den Alter vun de Befrotene spillt hei eng Roll. Eeler Leit sinn éischter fir eng Mask a Jonker méi dogéint.

An och bei de Geschlechter ginn et Ënnerscheeder. 41,2 Prozent vun de Männer hu sech fir Masken ausgeschwat, bei de Frae waren et 48,2 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO