
D'Reaktioun vun der Oppositioun op de Covid-Zertifikat geet vun "esou schnell wéi méiglech", bis op "eréischt, wa jiddereen d'Méiglechkeet hat, sech impfen ze loossen", esou de Bléck vun der CSV a vun de Lénken op de sougenannten Impf-Zertifikat.
Vun ugangs Juli u soll europawäit jo en Covid-Zertifikat agefouert ginn, op deem festgehalen ass, ob ee scho geimpft, erëm gesond oder getest ass. D'CSV géing schonn zanter 4-6 Wochen esou eng Aféierung fuerderen, seet d'Martine Hansen. Fräiheete weider aschränken, nodeems ee geimpft ass, wier méiglecherweis verfassungswiddreg.
Et misst een trotzdeem oppassen, mat esou engem Zertifikat keng Zwouklassegesellschaft ze schafen: "Dofir ass et extrem wichteg, datt mer genuch Schnelltester hunn. D’Regierung huet do net gutt gehandelt, datt se net op méi Platzen där Schnelltester hunn, déi een och zertifiéiert kritt, dass een negativ ass. A virun allem fir eis Jugend. Well déi Jugendlech gi jo elo nach net direkt geimpft, déi mussen nach eng Zäitche waarden. An mir mussen och hinnen hir Fräiheeten zréckginn.“
Well PCR-Tester, déi een dacks brauch, fir ze reesen, awer deier sinn, seet d'Martine Hansen, datt een op europäeschem Niveau misst reagéieren a méiglecherweis och zertifiéiert Schnelltester unhuele kéint.
Ma och bei Déi Lénk denkt ee virun allem un déi Jonk, déi nach keng Méiglechkeet haten, sech impfen ze loossen. En Covid-Zertifikat wier nëmmen eng provisoresch Léisung, seet d'Nathalie Oberweis. Et misst een awer immens oppassen, datt wärend där Zäit keng Ongläichheete geschaaft ginn: "Mir menge ganz kloer, soulaang net jiddereen d’Méiglechkeet hat, sech impfen ze loossen, däerf et keng Obligatioun ginn, fir mat esou engem Zertifikat iwwerhaapt kënnen ze reesen. Et denkt ee jo natierlech un de Summer, dee kënnt. Jidderee wëll gäre reesen. Mä ech denken hei u Jonker, déi wëlle sech impfe loossen, déi waarde just drop, fir sech impfen ze loossen. Ganz kloer muss een do immens oppassen. Soulaang net jiddereen déi Méiglechkeet hat, sech impfen ze loossen, dierf dat do an eisen Aen net kommen.“
Generell wier een awer net géint esou en Zertifikat, mä e misst dann awer op alle Fall op europäeschem Niveau eenheetlech agefouert ginn.
D’Pirate begréissen en Covid-Zertifikat, datt vu Juli un soll europawäit an den Asaz kommen. Dëst géing villes enorm vereinfachen, mengt de Sven Clement: „De Covid-Zertifikat, wann en dann all d’Forme vun Tester mat ofdeckt, vereinfacht d’Liewe vun de Leit. Haut hu mer eng Hellewull vu verschiddenen Dispositiounen, vu verschiddenen Durée de vie vun deenen Tester. Et gëtt keng gemeinsam Attestation de vaccination an Europa.“
D’Fro ass awer wéi esou en Zertifikat dono géing agesat ginn: „Et däerf keng sozial Segregatioun kommen. Mir dierfen net Leit lo penaliséieren, déi sech et net leeschte kënnen sech testen ze loossen, respektiv Leit penaliséieren déi sech net kennen impfe loossen.“
Dofir misst de Leit den Accès zu Tester méi einfach gemaach ginn. Esou wéi d'Gesetz den Ament zu Lëtzebuerg nämlech wier, kéint een net als Geimpfte mam Zertifikat ouni Zousaztest an de Restaurant goen, sou de Sven Clement. Dëst, wëll en voll Geimpfte bis elo net vun der Testflich befrei ass.
Kritiséiert a gefeiert: Europäeschen Impfpass oder nationale Certificat: Wat ass gewosst?