
Ënner anerem de Fonctionnement vun der Weltgesondheetsorganisatioun stoung op der Lee vun der parlamentarescher Aussekommissioun, déi eng weider Kéier via Videokonferenz ofgehale gouf. De Rapport vun der Ombudsman an déi nei israelesch Regierung ware weider Themen.
No 3 Parlamentswalen a laangem politeschen hin an hiEr huet Israel eng nei Regierung. Déi zwee politesch Géigner Benjamin Netanjahu a Benny Gantz splécke jo de Poste vum Premier, no annerhallwem Joer mécht den Netanjahu Plaz fir de Gantz. Fir vill Opreegung suerge jo eventuell Annexiounspläng am Westjordanland.
De President vun der Kommissioun, den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten:Et gëtt probéiert, eng gemeinsam Positioun op europäeschem Plang auszeschaffen, fir der israelescher Regierung matzedeelen, datt een eng Annexioun, déi eigentlech schonn um Pabeier steet, als eng Violatioun vum internationale Recht ugesäit.
E weidert Thema war d'Weltgesondheetsorganisatioun, iwwert déi jo an dëser Corona-kris vill diskutéiert gëtt. D'Amerikaner wëlle sech jo zum Beispill ganz aus dem Finanzement zeréckzéien.
D'CSV hat d'lescht Woch an der Chamberplenière eng Motioun deposéiert an där en objektive Rapport vu bausse gefrot gëtt, deen ënner anerem opzeechne soll, wat an der aktueller Pandemie gutt, a wat schlecht gelaf ass.
Den CSV-Deputéierte Marc Spautz: Plazeweis gëtt et Kritik un der OMS, op där anerer Säit mécht si eng noutwenneg a wichteg Aarbecht am Interêt vun der Welt-Gesondheet. Eis geet et drëm, datt d'Fonctionnementsmanéier kontrolléiert gëtt a gekuckt gëtt, wat D'Stäerkten a wat D'Schwächte sinn. Den Ausseminister huet wësse gedoen, datt d'Gesondheetsministesch dës Woch op enger Reunioun zu Genf ass, wou et genee ëm dat geet.
No der Reunioun wëll d'Aussekommissioun da mat der Paulette Lenert iwwer d'Konklusioune vu Genève schwätzen.
Dofir gouf um Méindeg de Moien eng Comission jointe - Affaires étrangères a Santé - festgehalen.

Da gouf nach de Point gemaach fir de Volet Ausseministère am Rapport vun der Ombudsman Claudia Monti.
Bei der protection internationale kritt den Immigratiounsministère fir zejoert eng gutt Zensur, 93% vun den Dossieren hätte kënne clôturéiert ginn.