
E Fuerverbuet vun annerhallwem Joer an eng Geldstrof vun 1.500 Euro, gekoppelt un Dedommagementer an Héicht vu méi wéi enger hallwer Millioun Euro, esou d’Urteel géint e Camionschauffeur, deen am September 2023 op der Tréierer Autobunn eng Schëlder-Bréck mat ewechgerappt hat, déi doropshin op d’Autobunn gefall war. Eng Persoun war deemools ëm d’Liewe komm.
De Camion hat zu deem Ament de Kipp-Unhänger hannen erop. Den Ugekloten hat sech wéinst de Reprochen onfräiwëllegen Doudschlag an onfräiwëlleger Kierperverletzung musse veräntwerten. Experten nennen en technesche Feeler um Camion an Onvirsiichtegkeet vum Chauffeur als Grond vum Accident.
D’Kolleege vum Wort schreiwen e Méindeg, dass eleng d’Ponts-et-chaussées wéinst der futtisser Schëlder-Bréck an den domat verbonnen Aarbechten, iwwert eng hallef Millioun als Entschiedegung ze gutt huet. Derbäi komme Prozedur-Käschte vu gutt 36.000 €. Wéinst eng weiderer Demande op Dedommagementer hunn d’Riichter eng weider Expertis ugefrot.