Wirtschafts- a SozialrotFriichte vu Wirtschaftswuesstem sinn net fair genuch verdeelt ginn

Céline Eischen
Et misst een op eng méi breet gefächert Wirtschaft setzen, an net méi just op déi historesch Avantagë vun der Finanzplaz.
© Domigos Oliveira

De Wirtschafts-Wuesstem zu Lëtzebuerg muss besser orientéiert an encadréiert ginn, dat fir déi sozial Kohäsioun am Land ze erhalen. D'Decroissance ass allerdéngs keng Optioun, dat schreift de Conseil Economique et Social an hirem Avis, deen e Mëttwoch de Moien publizéiert ginn ass.

Am Rapport gëtt ënnert anerem festgehalen, datt déi Lëtzebuerger Economie staark gewuess ass, dat awer éischter quantitativ, also wéinst méi héijen Awunnerzuelen an och méi Frontalieren. An der Produktivitéit wier een dogéint net esou staark gewuess, domat klëmmt den Drock op Infrastrukturen, wéi de Logement oder och d'Mobilitéit.

D'Friichte vun dësem Wirtschaftswuesstem wieren dem Wirtschafts- a Sozialrot no dann och net fair genuch verdeelt ginn: Deeler vun der Populatioun géifen nach ëmmer an Aarmut liewen, dofir bräicht et eng besser Ëmverdeelung.

Den Avis ënnersträicht awer och: Ouni Wuesstem kéint Lëtzebuerg seng Sozialausgaben an och ëffentlech Investitiounen net finanzéieren. Fir de Wirtschafts- a Sozialrot misst een dofir op eng méi breet gefächert Wirtschaft setzen, an net méi just op déi historesch Avantagë vun der Finanzplaz. Beispiller sinn Innovatiounen an der Digitalisatioun an an den nohaltegen Technologien.

PDF: Pressecommuniqué
PDF: Avis - La croissance économique au Luxembourg : passé, présent et futur

Back to Top
CIM LOGO