Invité vun der Redaktioun (19. Oktober) - Fred KeupD'Politik traut sech net verschidde Problemer kloer ze benennen

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war ënnert anerem déi rezent Sonndesfro Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Fred Keup
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'ADR kënnt der neister Sonndesfro no op 12,8 Prozent an aacht Sëtz. Fir de Fraktiounschef Fred Keup ass dat ënner anerem dorop zeréckzeféieren, datt seng Partei Sujeten uschwätzt, déi aner Parteie manner géifen thematiséieren. "Dass mer de Courage hunn, villes unzeschwätzen, wat d'Leit beschäftegt a wat déi aner Parteie vläicht manner maachen." Och d'Aarbecht vun der Fraktioun an der Chamber géif dozou bäidroen. Déi wier relativ nei, frësch an dynamesch. Hie selwer wier mat sechs Joer parlamentarescher Erfarung schonn am längsten derbäi. De Fred Keup huet sech iwwert dat gutt Resultat an der Sonndesfro gefreet, awer betount, datt um Enn d'Walen an net d'Ëmfroen zielen. Hie gesäit trotzdeem e positiven Trend fir seng Partei, déi vu Wal zu Wal géif bäi gewannen.

En direkten Afloss vum Succès vun der däitscher AfD op d'ADR gesäit de Fred Keup net. Fir hie géif sech éischter a verschiddenen europäesche Länner eng änlech Entwécklung weisen: Etabléiert Regierungsparteie géifen op verschidde Problemer net méi déi richteg Äntwerte fannen, wouduerch d'Oppositioun gestäerkt géif ginn. Dobäi huet hien nieft der AfD och déi Lénk an Däitschland genannt.

Hausse vu Kriminalitéit? Keng detailléiert Statistiken, mee Réckmeldunge vum Terrain

Am Mëttelpunkt vum Interview stoungen dann och d'Aussoe vum ADR-Deputéierten Tom Weidig bei der parlamentarescher Rentrée. Deen huet zu der Hausse vun der Kriminalitéit dat hei gesot: "Et sinn Auslänner, déi kenger uerdentlecher Aarbecht noginn, illegal am Land sinn oder an enger Asylprozedur sinn ouni eng Chance op Asyl ze hunn." Op d'Fro no der feelender statistescher Basis fir esou eng Ausso, sot de Fraktiounschef, dës Aussoe géifen op Réckmeldunge vu Leit aus Sécherheetskreesser berouen. Dës géifen der ADR soen, d'Situatioun wier mat där am Ausland vergläichbar. De Fred Keup huet kritiséiert, datt déi entspriechend detailléiert Statistiken zu Lëtzebuerg net disponibel wieren. Dës wieren ënnert der Gambia-Regierung 2017 ofgeschaaft ginn. Och déi aktuell CSV-DP-Regierung géif se net nees aféieren. "Mir hunn zwar hei keng Statistiken, mee gleeft eis, si sinn d'selwecht wéi am Ausland."

Wat misst d'Regierung ënnerhuelen?

De Virworf, duerch dem Tom Weidig seng Aussoe géifen Asyldemandeuren ënner Generalverdacht geroden, huet hien zeréckgewisen. Et géif net ëm all Asyldemandeure goen, mee ëm Leit, déi negativ opfalen a senger Meenung no net dierften am Land sinn. Hie wier frou, datt den Tom Weidig dëse Problem kloer ugeschwat hätt.

Wat misst d'Regierung ënnerhuelen? Do fuerdert de Fred Keup nieft Statistiken, méi séier Geriichtsprozeduren a méi Ënnerstëtzung fir d'Police um Terrain. Déi geplangte Comparutioun immédiate géif d'ADR och ënnerstëtzen. Och de Platzverweis géif an déi richteg Richtung goen, obwuel et net ideal géif funktionéieren. Donieft misste Persounen, déi systematesch negativ opfalen a keen Openthaltsrecht hunn, méi konsequent zeréckgefouert ginn. An deem Kontext huet hien och op de Centre de rétention verwisen, deen ëmmer voll wier.

Politik traut sech net verschidde Problemer däitlech ze benennen

Mat der Bemierkung konfrontéiert, datt d'Regierung d'Police-Effektiver schonn ausgebaut an aner Sécherheetsmoossnamen agefouert huet, huet de Fred Keup virun allem e Manktem u politescher Kloerheet kritiséiert. Hien hätt heiansdo d'Gefill, datt d'Politik sech net géif trauen, verschidde Problemer däitlech ze benennen an entspriechend ze reagéieren. Als Beispill huet hien den Drogeverkaf am Stater Garer Quartier genannt. Senger Ausso no géif en Deel vun de betraffene Leit just op Lëtzebuerg kommen, fir hei illegal Aktivitéiten auszeüben. Dat misst ënnerbonne ginn.

Réckféierungen op EU-Niveau organiséieren

Op d'Ausso, dass Réckféierungen an der Praxis awer dacks schwéier ëmzesetze wieren, well ënner anerem Hierkonftslänner hir Staatsbierger net ëmmer zeréckhuelen an international Verflichtunge musse respektéiert ginn, gëtt de Fred Keup d'Beispill vun enger europäescher Initiativ vun der dänescher Ministerpresidentin, déi awer u sech näischt mat Réckféierungen ze dinn huet, mee éischter mat däitlecher Kritik. Hie kritiséiert, datt de Premier Luc Frieden dës net mat ënnerschriwwen hätt. Fir den ADR-Fraktiounschef weist dat, datt aner europäesch Regierungscheffe bereet wieren ze handelen, wärend Lëtzebuerg sech net genuch géif engagéieren.

Grad bei de Réckféierunge wier eng Zesummenaarbecht op europäeschem Niveau néideg. Fir de Fred Keup bleift d'Viraussetzung awer, datt d'Politik d'Problemer fir d'éischt kloer géif benennen.

E Méindeg de Moie war ënnert anerem déi rezent Sonndesfro Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO