Situatioun vun de Fraen am Prisong léisst ze wënschen iwwreg
“D’Frae si minoritär an de Prisongen hei am Land, se hu keng Stëmm, keng Lobby an dofir ass den aktuelle System net adaptéiert un hir Besoinen an Doleancen.” Dat sot den Ombudsman, d’Claudine Konsbruck e Méindeg bei der Presentatioun vum zweete Rapport iwwert d’Situatioun vun de Fraen am Prisong.
Symbolesch gouf de Rapport der Press am Naturmusée am Gronn presentéiert, wou bis 1984 de Fraeprisong war. Wéi de Prisong zu Schraasseg dunn opgaangen ass, sinn d’Prisonéier dohin transferéiert ginn. D’Frae maachen aktuell ronn 10% vun der Populatioun zu Schraasseg (Stand Ufank Januar: 31 Fraen) a Giwenech (7 Fraen) aus. Duerch hir Minoritéit hätte se awer och net wierklech eng Stëmm, bedauert d’Claudine Konsbruck. Fir de Rapport goufen zejoert eng ganz Partie Entretiene souwuel mat Detenue wéi och mam Personal an den zoustännegen Autoritéite gemaach. Aus dem finale Rapport gi 57 Recommandatiounen ervir.
Wärend d’Konditioune fir d’Männer zu Schraasseg sech mat der Ouverture vum Uerschterhaff verbessert hunn, wier dat fir d’Frae leider net de Fall, betount den Ombudsman. De Block F zu Schraasseg, an deem d’Fraen ënnerbruecht sinn, wier al a misst prioritär renovéiert ginn. Dobäi kënnt, datt vun den 48 Plazen, déi et um Block ginn, just sechs Eenzelzellen do sinn an d’Frae fir de Rescht zu zwee oder dräi an enger Zell sinn. E weidere Problem wier, datt bei de weibleche Prisonéier keng Distinctioun gemaach gëtt, wat hire Profil betrëfft. Souwuel déi Condamnéiert, wéi déi an Untersuchungshaft a Mineure sinn all um nämmlechte Block. Dat géif kloer zu Tensioune féieren, seet d’Claudine Konsbruck, déi ënnersträicht, datt d’Profiller bei de Männer kloer vunenee getrennt ginn.
Eng weider Recommandatioun vum Rapport betrëfft d’Atelieren am Prisong. Zu Schraasseg kënnen 10 bis 12 Fraen all Dag an Ateliere schaffe goen. Allerdéngs ass d’Auswiel - strecken, wäschen a bitzen - zäitlech net méi ugepasst, fir net ze soen, komplett almoudesch. Dobäi kënnt, datt et mat esou Formatioune schwéier ass, spéider eng Aarbechtsplaz ze fannen, wann d’Frae bis aus dem Prisong eraus sinn. Den Ombudsman wënscht sech vun der Prisongsdirektioun zu Schraasseg, datt méi divers Aktivitéiten ugebuede ginn a plädéiert och fir eng Mixitéit. Zu Giwenech géifen et scho gemëschten Ateliere ginn, wou d’Fraen an d’Männer sech kënne weiderbilden, zum Beispill an der Gäertnerei oder an der Kichen an d’Mixitéit vu béide Geschlechter an den Ateliere géif och gutt funktionéieren, geet aus dem Rapport ervir. Wichteg wier et och, datt déi Aarbecht, déi d’Prisonéier maachen, dono och unerkannt gëtt, se also misst zertifiéiert ginn.
Zanter dem éischte Rapport iwwert d’Situatioun vun de Fraen am Prisong hätt net vill geännert, gouf op der Presentatioun e Méindeg de Moie betount. Et wier ee sech bewosst, datt duerch déi reduzéiert Unzuel u weiblechen Detenuen et schwéier wier, e Block ze fannen, deen ugepasst wier, an awer misst sech eppes änneren. Laang wier ee vertréischt ginn, andeems gesot gouf, mat der Ouverture vum Uerschterhaff géif sech alles verbesseren. Dat wier awer op d’mannst fir d’Frae leider net de Fall. Deemools gouf aus logistesche Grënn decidéiert, datt d’Fraen net op Suessem op den Uerschterhaff kéimen, well et méi einfach wier d’Trennung zu Schraasseg bäizehalen.
En Donneschdeg gëtt iwwregens an der Chamber iwwert de Gesetzesprojet 7869 ofgestëmmt, deen Upassungen am Fonctionnement vun der Prisongsverwaltung an an der Ausféierung vun de Strofe virgesäit. De Projet de Loi baut op der Reform vun 2018 op.