
De Mann gouf liicht blesséiert.
D'Fra gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a muss virun den Untersuchungsriichter.
Den Auto gouf saiséiert, grad ewéi en Elektroschocker.
D'Police hat um Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg awer och soss genuch ze dinn.
Um Samschdeg den Owend um 19 Auer hate sech zu Zolwer 2 Männer an eng Fra an den Hoer.
D'Beamte konnten d'Leit ugangs berouegen.
Kuerz no Hallefnuecht ware se awer op en neits uneneegeroden, sou dass op Uerder vum Parquet eng Persoun festgeholl gouf. Och si kënnt virun den Untersuchungsriichter.
Kuerz no 3 goufen d'Beamten dunn zu Baastenduerf op engem Bal opmierksam op e puer Persounen, déi uneneegerode waren.
2 Persoune goufe mat Handschellen fortbruecht.
Blesséierter gouf et awer net.
Abréch gouf zu Stroossen an engem Appartement um éischte Stack.
An um Sennengerbierg an um Belair a Wunnhaiser.