GréiwemaacherFra fënnt accidentéierten Auto mat 2 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg war zu Gréiwemaacher een Auto an e Bam gerannt. Déi Verongléckt goufen e Sonndeg um 8.45 Auer fonnt a koumen an d'Klinick.
© CIS Gréiwemaacher/Mäertert

Op engem Feldwee an der Géigend vun der Rue de Münschecker zu Gréiwemaacher hat eng Fra e Sonndeg de Moie beim Spadséieren een accidentéierten Auto fonnt, andeem nach 2 Persoune souzen.

Op der Plaz huet sech erausgestallt, datt den Auto, warscheinlech am Laf vun der Nuecht, an enger schaarfer Lénkskéier vun der Strooss ofkomm a frontal an e Bam gerannt war.

Den Auto ass duerch de Coup weider an d'Gestrëpp gerutscht an ass e puer Meter nieft dem Feldwee un d'Stoe komm. De Chauffeur a säi Bäifuerer waren nom Accident am Auto sëtze bliwwen, bis si e Sonndeg de Moien entdeckt goufen. Si koume fir eng Kontroll an d'Klinick. Um Auto ass grousse Schued entstanen.

Op der Plaz waren de Centre d’Incendie et de Secours Gréiwemaacher/Mäertert an d'Police.

© CIS Gréiwemaacher/Mäertert

Back to Top
CIM LOGO